De fréiere Chef vun der Brigade mobile hätt him dat gesot. De Guy Santer huet keen Zweiwel dru gelooss, datt d'Bommeleeër aus der Brigade mobile kommen.

Vun enger ongewéinlecher Pressekonferenz aus der Maison de la presse um Krautmaart den Nico Graf.

Ongewéinlech war d'Pressekonferenz net dowéinst, well do ee geschwat huet, deen dat net gewinnt ass, ongewéinlech war se well de Guy Santer knapps ee Saz däitlech a kloer am Raum stoe gelooss huet. De Mann ass immens virsiichteg an huet ëmmer relativéiert. Just op enger Plaz wollt hien eppes lass ginn.
Dëst: De Ben Geiben hätt him gesot, datt hie sech kéint mam Bommeleeër identifizéieren an en hätt gesot, datt hie Leit aus der Täterschaft géing kennen.

RTL

Dat war dem Guy Santer, seet hien ze vill kriminell, duerfir hätt hien d'Relatioun ofgebrach. Soss war et en Tour d'horizon duerch dem Guy Santer seng schwiereg Geschicht mat dem Ben Geiben. Zesumme wollte si jo eng Sécherheetsfirma opmaachen. Dat gouf awer näischt. Well de Guy Santer selwer emol als Bommeleeër verdächtegt ginn ass, huet sech mat der Saach a mat hir Protagoniste vill beschäftegt. Och mam Jos Steil, dem fréieren zweete Mann aus der brigade mobile.
Iwwer deen dëst: De Jos Steil hätt de Ben Geiben als Herrgott gesinn.

An da nach onbeweisbar Saachen, just ee Beispill: déi franséisch Elite-Trupp GIGN hätt zu Lëtzebuerg net nëmmen d'Brigade mobile trainéiert a mat hinne gefeiert, mä se hätt och selwer Bomme geluecht, déi zu Hollerech notamment.

Ce qui reste à prouver.

VIDEO: "De Ben Geiben kennt d'Bommeleeër"
"De Ben Geiben kennt d'Bommeleeër"