Bis elo weder Non-Lieu nach Verjärung

© RTL (Archiv)
An der Geheimdéngscht-Affaire, déi jo zejoert Neiwahlen als Suite hat, gëtt et RTL-Informatiounen no nach keen Non-Lieu an och keng weider Verjärung.
De Parquet huet all déi eenzel Volete vun der Affaire un de Juge d'instruction Ernest Nilles weiderginn.
An deen Ernest Nilles ass keen anere wéi dee Juge d'instruction, deen och an der Bommeleeër-Affaire vill weider Aarbecht krut mat de 6 potenziell nei inculpéierte fréiere Gendarmen.
Dat huet säi Sënn, well d'SREL-Affaire jo enk verknäppt ass mam Dossier Bommeleeër. An dat virop wéint der famouser kryptéierter CD, wou jo dat confidentiellt Gespréich tëschent dem Grand-Duc an dem deemolege Premier Jean-Claude Juncker soll drop sinn. An déi CD ass anscheinend nach ëmmer net dekryptéiert.
An deem Kontext hat jo den deemolege SREL-Chef dem Premier Juncker soe wëllen, de Computerfachmann Loris Mariotto misst ofgelauschtert ginn, fir datt de SREL kéint gewuer ginn, wat et mat deeër kryptéierter CD op sech hätt. Dat Gespréich war jo schif gaang an de Marco Mille huet et eng zweete Kéier probéiert an huet dat Gespréich du mat der Spionage-Auer opgeholl. Ausgerechent déi illegal Opnahm ass verjäert, mä et ass déi eenzeg.
E weidere Volet an der SREL-Affaire war jo den illegalen Handel mat Luxus-Autoen iwwer de saarländesche Geheimdéngscht. Déi Geschicht ass op Dikrech transferéiert ginn, well ee vun de potentiellen Täter am Norde wunnt.
Enquêtéiert gëtt och nach ëmmer wéint enger Ecoute am obskure Volet Lissouba. Do hate Geheimdéngschtleit de Premier an de Finanzminister Luc Frieden iwwer déi Geschicht informéiert. Et geet ëm 150 Milliounen Dollar op enger däitscher Bank hei am Land an et gouf e puer Leit, déi mat alle méiglechen Tricken un dat Geld komme wollten. Beim Briefing iwwer dat Geld wier – zoufälleg oder net – e Computer matgelaf, deen alles opgeholl hätt. Och dat eng illegal Ecoute.
D'Affär Lissouba geet op Dokumenter zeréck, déi beim fréiere President vun der Chambre des comptes, dem Gérard Reuter, fonnt a gestuel gi waren.
A bei deem Gérard Reuter gëtt et esouguer eng nei Enquête. An zwar wéint der Wunneng, déi de Gérard Reuter vum Geheimdéngscht bezuelt kritt hat. Do si wuel ëffentlech Gelder illegal benotzt ginn. Ob och enquêtéiert gëtt, firwat de Gérard Reuter iwwerhaapt déi Faveure vum SREL gemaach krut, dat ass net bekannt, et wier awer interessant ze wëssen.