"Nei Aussoe vum Ben Geiben verkuebelt a verlugen"
De Maître Gaston Vogel reagéiert op d’Aussoe vum Ben Geiben op den Antenn vun RTL. De Ben Geiben misst endlech inculpéiert ginn.
An engem Bréif un de Procureur Georges Oswald schreift den Affekot vun engem vun den Ugekloten am Prozess, dass d’Aussoe vum Ben Geiben "farfelues a mensongères" waren.
Et misst ee se mat den Aussoen aus der Sëtzung 173 vergläichen, an där de Ben Geiben op keng Fro konnt äntweren. Deemools hätt en näischt vum Bunker gewosst, am Interview mat RTL dogéint schonn.
Ongereimtheeten och wat de Personnage Steil ugeet. De Ben Geiben huet gesot, en hätt mam Jos Steil Kaffi gedronk a si wieren zesummen an de Reckendall gefuer. Dobäi wier gewosst, dass de Jos Steil do op e gewaart huet.
Fir de Mâitre Gaston Vogel gëtt et jiddefalls héich Zäit, de Ben Geiben ze inculpéieren.
Interview zu Paräis mam fréieren Haaptverdächtege Ben Geiben
De Ben Geiben iergert sech, hie wier an d'Vitrine gestallt ginn, fir mam Fanger op hien ze weisen an d'Justiz hätt net uerdentlech geschafft.
Beim Ben Geiben falen ëmmer zwou Saachen op: d'Verve mat där hie sech driwwer oprege kann, datt net richteg géint hien enquêtéiert ginn ass an da säi behaapten Désintérêt fir d'Fro, wien d'Bommeleeër waren a säi Refus doriwwer ze spekuléieren.
Harpes, Bourg, Reuland, Stebens, Schockweiler, Weydert. An der Suite vum Prozess gëtt jo elo géint weider 6 fréier Gendarmen enquêtéiert a vläit kréie si iergendwann och de Prozess gemaach. Dat kann de Ben Geiben zu Paräis net kal loossen:
"Ech fannen, dat ganz inquietant ... eng Partie dovunner si meng Cheffe gewiescht, aner ware Collaborateuren an dat ass eng Situatioun, déi ech als potentiellement problematesch fannen. Well wann do wierklech eppes derhannert wier, géing sech jo erausstellen, dass Leit mat deenen ech geschafft hunn, eventuell d'Verantwortung droen, net nëmme fir vläicht Attentater begaangen ze hunn, mä och fir mech an d'Pan ze klaken..."
"An d'Pan klaken" – dat ass dem Ben Geiben säin Ausdrock derfir, datt hien op emol de Verdächtegen Nummer 1 war, an op eemol – no der Bomm um Geriicht - net méi an zanterhier nach ëmmer. An op der Lëscht vun de potentielle futur Inculpéierte géif natierlech dee Mann stoen, dee sech bei der faméiser Obervatioun Geiben esou verdächteg beholl hat, de Jos Steil. Wéinst där Observatioun si jo 5 fréier Gendarmen an de Laberenten an de Jos Steil wier et och, wann hien nach liewe géif.
Nach ëmmer ass net kloer, wat de Ben Geiben an de Jos Steil sonndes mueres nom Geriichtsattentat gemaach hunn, wéi de Ben Geiben an der Villa Chomé war. Zu Paräis sot de Ben Geiben dëst:
"Ech si bei de Steil Kaffi drénke gaangen, ech hu mat him gepotert an do si mer an de Reckendall gaangen, ech weess haut nach ëmmer net firwat. Ech huelen un, dass et vläicht war fir mech ze weisen do. Déi berühmt Déngen nees fir ze soen, bon de Ben war do dee Weekend, kucke mer mol, bon sief ganz vill Polizisten ... wat mech gewonnert huet, dass do keng Poliziste sech eventuell gemellt hunn, déi do am Reckendall waren ...
Et war meng Decisioun an de Reckendall ze fueren, de Steil huet mer et wahrscheinlech virgeschloen: Komm mir ginn an de Reckendall, mir ginn dann e puer Kollege Moie soen ...
Ech mengen, wësst Dir, wat Dir virun 30 Joer gemeet oder gesot hutt ... Ech weess et och net méi!
Ech ka mech do bildlech net drun erënneren, dass de Steil do war, mä ech gesi keng aner Erklärung ... de Steil war do. Ech hu soss näischt gemeet, ech sinn net an de Keller gaangen, ech sinn net an de Bunker gaangen, well ech näischt mat der Affär ze dinn hunn a mir sinn, getrennt forcément, well e net a mengem Auto war, an de Reckendall gefuer an eis do erëm getraff."
An awer huet een d'Impressioun, datt de Ben Geiben e puer Leit schützt:
"Ech si weder Executant, nach Mitwisser, nach Mittäter. Wann ech wéisst ween et wier, vu dass ech näischt domatter ze dinn hunn, hätt ech scho laang dem Parquet oder der Policie judiciaier et gesot. Ech weess et net an ech schütze keen. ech hu kee Grond fir een ze schützen, mat all deem wat op mech zou komm ass. Ech kann nëmme just uprangeren: Insuffisancen, grave Dysfunktionnementer vun der Justiz ..."
Dat ganz Gespréich iwwer huet de Ben Geiben en Notizbuch an der Hand. Um Deckel leeft deen, deen et wësse well, den Tintin, dee leeft fort, verkleet als Chinees, deen "au pays du lotus bleu" finster Machinatiounen opkläre wëll.