Perquisitioun an der Villa Chomé zu Eech!
An der Affaire Bommeleeër gëtt et Neies: Um Mëttwoch de Moie war an der Villa Chomé zu Eech eng Perquisitioun.
D'Police judiciaire huet de Keller vun de Villa duerchsicht.
De Jos Steil, de fréieren zweete Mann aus der Brigade mobile, a seng fréier Partnerin hunn jo eng Zäit laang an der Villa Chomé gewunnt an d'Madame hat am Bommeleeër-Prozess vun dem Keller geschwat, dee si och nach Bunker genannt huet. An deem Bunker wier och e Schéissstand gewiescht.
Virun 20 Deeg hate mir op RTL e Reportage iwwer dee Bunker bruecht, en ale Keller, wou effektiv geschoss ginn ass a wou vill Plaz gewiescht wier, fir eppes ze stockéieren.
Zwanzeg Deeg huet hie sech Zäit gelooss, den Untersuchungsriichter Ernest Nilles, bis hien d'Police judiciaire an de Keller vun der Villa Chomé geschéckt huet. De 27. November hat RTL a Reportagen op der Tëlee, am Internet an am Radio bruecht, datt et an der Villa Chomé nach ëmmer dee Keller gëtt, wou geschoss ginn ass a wou ee kéipweis Saache stockéiere konnt, zum Beispill Luxit. De fréieren zweete Mann aus der Brigade mobile vun der Gendarmerie, de Jos Steil, hat jo eng Partnerin an déi war jorelaang Cheffin an der Villa Chomé an eben si hat am Juni am Bommeleeër-Prozess gesot, ënner der Villa wier e Bunker gewiescht, deen als Schéissstand ëmfonctionnéiert gi war.
Kasematten am Klengen
De fréiere Chef vun der Brigade mobile, de Ben Geiben hat am Interview dëst gesot: "Ech sinn net an e Keller gaangen, ech sinn net an e Bunker gaangen, well ech näischt mat der Affaire ze dinn hunn."
... a mat deem Saz hat de Ben Geiben eis an de Keller vun der Villa Chomé geschéckt. Déi Reim Keller ze nennen, ass ënnerdriwwen, et si Kasematten am Klengen, et geet trapop-trapof, heim ëm en Eck an do ëm en Eck, bis een um Enn effektiv an engem alen, engem laange Keller ass, deen offiziell op de Pläng vum Haus "cave à vin" genannt gëtt.
An op der schmueler Säit vum Raum gesäit ee Schosslächer an der Mauer; do ass geballert ginn. D'Fro ass, wat lénks a riets stockéiert ginn ass.
5 Mann, dorënner e Sprengstoffexpert
Um Mëttwoch also ass d'Police judiciaire do eragaang, 5 Mann, ënner hinnen e Sprengstoffexpert. Si si begleet gi vun zwee Mann aus dem Nopesch-Haus, der Fondation Chomé, dat waren de Chargé de direction an e Member vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun. Wat bei der Perquisitioun erauskomm ass, dat ass nach net bekannt.
Wie fréier een, zwee Mol an der Villa Chomé war, dat ass e fréiere Gendarme aus der Brigade mobile, de Jean-Marie Peters. Un hie war et d'Fro, ob hien de Keller kannt huet: "Nee. Ech wousst guer näischt vun deem Bunker, ech wousst guer net, datt do geschoss ginn ass, bis datt ech dat aus der Press gewuer gi sinn ... Ech wousst, datt zu Heeschdref ee war, ma an der Villa Chomé wousst ech net vun engem Bunker."
Et gouf also nach en zweete private Schéissstand. De fréiere Gendarm wonnert sech, datt de Bunker an der Villa Chomé eréischt elo duerchsicht ginn ass: "Dat hätt scho längst misse geschitt sinn ..." Well: Et géife Leit, déi Saache verschwannen an Zeie beaflosse kéinten ...
Iwwregens: Eisen Informatioune no ass dem Jos Steil seng fréier Partnerin an der Lescht nach eng Kéier vun der police judiciaire gehéiert ginn. Sujet vun der Entrevue war de Keller vun der Villa Chomé.