Am Kader vum Bommeleeër-Prozess war den Defense-Affekot Gaston Vogel jo vum fréiere SREL-Chef Charel Hoffmann wéint Calomnie an Diffamatioun ugeklot ginn.

Dat well de Gaston Vogel an engem Interview behaapt hat, de Charel Hoffmann hätt gelunn.

An deeër Saach war den 8. Dezember de Prozess, wou awer weder de Gaston Vogel, nach säin Affekot present waren.

Um Méindeg, 22. Dezember ass de Gaston Vogel fräigesprach ginn. Am penale Volet ass hien acquittéiert ginn an am zivile Volet huet d'Geriicht sech fir net kompetent erkläert.

RTL
VIDEO: Hoffmann vs. Vogel
Fräisproch fir den Affekot Gaston Vogel