2013 hat de fréiere SREL-Agent a Sandstone-Grënner Fränk Schneider den deemolege gréngen Deputéierten François Bausch op zivilem Plang uegsicht.

Um Freideg ass dës Affär um Geriicht an der Stad verhandelt ginn!

Et goung ëm en Artikel zur Geheimdingschtaffär mam Titel “SREL: der sichere Weg zum Totalschaden”, deen de Privatmann François Bausch am Abrëll 2013 op sengem Internetblog publizéiert hat. Fir de Fränk Schneider, dee present war, ass dat, wat an deem Artikel iwwert hie stoung, falsch.

Den Ex-Deputéierten hätt him ë.a. virgehäit, Sandstone gegrënnt ze hunn, wéi hien nach beim Geheimdingscht war, an an deem Zesummenhank vu Wirtschaftsmissioune vum SREL profitéiert ze hunn. De fréiere SREL-Agent freet dofir 35.000 € moraleschen an eng hallef Millioun € materielle Schuedenersatz.

Den Affekot vum Fränk Schneider huet vun enger Affär vu grousser Importenz geschwat, well et wär nëmme schwéier ze toleréieren, dass e Politiker iwwer Internet confidentiel Aussoe mécht. De François Bausch kéint net vu senger Positioun profitéieren, fir politesch Reklamm fir sech ze maachen, sou de Me Laurent Ries. An den déplacéierten Aussoe vum Politiker hätt deen Detailer iwwert d’Aarbecht vu SREL-Leit ginn; dat hätt een nach ni virdru gesinn, an dat géif ze wäit goen. Säin Exposé wär net richteg gewiescht, an et wär zu subjektiven Aussoe komm, aus deenen eng Aversioun géint de Fränk Schneider a seng Firma erauszeliese wären. Well eng Firma vun Dubai op Grond vun deem Artikel en Deal platze gelooss hätt, hätt e reelle Schued fir säi Client bestanen; et léich deemno eng Responsabilitéit vum François Bausch vir, well hien inacceptabel liichtfankeg gehandelt hätt, huet den Affekot vum Fränk Schneider erkläert.

An den Ae vum Affekot vum François Bausch hätt de Fränk Schneider dogéint e Conflit d’intérêts wëlle schafen, fir dass de Politiker net méi an där Enquêtëkommissioun kéint sëtzen. Dem Me Pierre Hurt no hätt säi Mandant e grousst Wësse gehat, an de Fränk Schneider hätt dat Wësse gefaart; dofir hätt de Politiker solle roueg gestallt ginn. Den Ex-Deputéierten hätt och e puer Deeg drop an enger Réunioun vun där Kommissioun misse senger Wee goen; vläicht hätt de Sandstone-Mann och wëlles gehat, dass de François Bausch net géif Rapporteur ginn. E Politiker wär awer bei engem Débat vun öffentlechem Intérêt net un e Secret gehalen an hätt d’Obligatioun, fir d’Vollek a seng Wieler z’informéieren; donieft wären dës Informatioune scho bekannt gewiescht, an der Firma Sandstone wär kee Schued entstanen, huet den Affekot vum François Bausch ënnerstrach.

D’Uerteel an dëser Affär gëtt den 13. Mäerz gesprach.