Affaire léisst elo och nach eng blo Lotus-Blumm wuessen ...
A mir ginn op Paräis, a mir ginn op Shanghai, a mir bleiwen hei zu Lëtzebuerg ... bei der Bommeleeër-Affaire.
De fréiere Chef vun der Brigade mobile de la gendarmerie, de fréieren Haaptverdächtegen an der Affär, de Ben Geiben, dee weess vläit méi iwwer d'Affär, wéi hie bis ewell gesot huet.
Dat kann ee supposéieren, wann ee sech genee iwwerleet, wat de Ben Geiben bei engem Interview den RTL-Reporter gewisen huet, wat hien hinne vläit ze verstoe gi wollt.
De Ben Geiben huet e Faible, e Faible fir Hotel-Lobbyen an Hotel-Receptiounen. Wann hie mat Journaliste schwätzt, da nawell gär an esou enger Receptioun. Esou war dat och am November zu Paräis: Mir hate Rendez-vous mat him am Radisson Blu Hotel, Marne-la-Vallée. Den Hotel läit bei engem Golfterrain, an der Noperschaft ass Disneyland Paris, et gëtt do eng grouss Avenue, déi heescht Avenue Hergé, dat ass de berühmte belschen Tintin-Auteur.

An domat si mer beim Sujet: De Ben Geiben huet eng Zäitlaang fir Disney geschafft, hien huet och e Faible fir Bande-dessinéeën. A wéi mir eisen Interview mat him man, huet hien en Notizbuch matbruecht, e wichtegt Bichelchen. Mir stellen him eng Fro, hien äntwert kuerz, an op déi zweet Fro äntwert hie geschloen 8 Minutte laang, ouni Paus an ouni Komma an déi ganzen Zäit bliedert hien an den Notizen, déi hie sech an deem Notiz-Bichelche gemaach huet. Et läit him eppes um Häerz, hie wëll Saache lassginn, an alles huet hie sech notéiert an deem Bichelchen. Dat herno do um Dësch läit. En Notizbuch, dat hie par ailleurs bereetwëlleg an de Fotoapparat hält. Et ass net egal wat fir e Buch: Et ass en Notizbuch mat engem Motiv: Um Cover leeft den Tintin for t, den Tintin, deen als Chinees verkleet ass, dee leeft aus enger oppener Dier fort aus engem Lokal, dat "Au Lotus Bleu" heescht, dat ass eng Bud, déi d'Fransouse fumerie d'opium nennen, eng Opiumspelunk.
An et erënnert ee sech u seng Kannerzäit, wéi een den Tintin gelies huet a net vill verstan huet, scho guer net vun dësem Tintin, well deen ass extrem politesch an extrem kriminell, mat ville Peripetien a vill Op-an-Of an der Handlung. De "Lotus bleu" ass aus dem Joer 1934. Wann ee sech et einfach mécht, ass de Plot séier erzielt: Den Tintin ass a China ënnerwee, et gëtt eng japanesch Conspiratioun géingt China, d'Fiedem zitt en Europäer, en Typ, dee vaguement mediterran ass, e Rauschgëfthändler, dee Roberto Rastapopoulos heescht, dee mat dem béise Japaner Mitsuhirato conspiréiert an deen um Enn gepëtzt gëtt.

De Lotus bleu ass awer och eng Terror-Geschicht. Dat geet esou:
Den Tintin ass, wéi gewinnt, hannert de Gangster hier, entschlësselt hir Messagen a hie gëtt gewuer, datt se sech zu Shanghai am "Lotus bleu", an der Opiumhiel, treffen. Hien verkleet sech a geet eng fëmmen a kritt do mat, wéi de Japaner Mitsuhirato mat zwee anere Gangster komplottéiert a an engem Auto fortfiert, fir eng ze stiichten. Den Tintin, net faul, krallt sech hannen um Ersatzpneu vun der Limousine un a fiert mat, fiert mat an d'Gewan, wou déi béis Bouwen eng wëlles hunn:
Se hunn Eisebunnsschinnen an d' Luucht gesprengt a no der Explosioun mécht hire Chef dëse Coup-Telefon:
Allo? La gare de Cheng Fou? Les bandits chinois viennent de faire sauter la voie, oui, oui, au kilomètre 123.
Et ass also e Stéck Infrastruktur gesprengt ginn an den Tintin huet dat alles gesinn. Et ass fir Onrou an angeblech terroristeschen Duercherneen a China gesuergt ginn a wie muss hëllefen? Richteg: d'Japaner. Den Incident – den Attentat op d'Eisebunn – huelen d'Japaner als Pretext fir mat hirer Arméi a China anzemarschéieren an erëm fir Uerdnung ze suergen. Dat kënnt engem bekannt vir: Et ass déi bekannten terroristesch Method, Chaos ze verbreeden, fir dann am eegenen Interêt Uerdnung ze schafen. Et kéint een och soen: Pylône gi gesprengt an herno explodéiert de Gendarmeries-Budget.
Wéi geschitt an de Joren 1985ff hei zu Lëtzebuerg.
Just pour la grande histoire: Wat den Hergé mat sengem Tintin hei erzielt, dat huet et an der Realitéit wierklech ginn: Am September 1931 hunn Terroristen an der Mandschurei en Attentat op d'Eisebunn gemaach an dat war de Pretext fir d'Japaner, d'Südmandschurei ze iwwerfalen an do e Pseudo-Staat ënnert hirem Kommando opzeriichten.

A mat deeër Bomme-Geschicht an der Hand an am Hannergrond sëtzt also de Ben Geiben zu Paräis a gëtt en Interview iwwer d'Bommeleeër. En Interview, an deem hien deen an interesséierte Kreesser entretemps faméise Saz iwwer d'Villa Chomé seet, dësen:
Ech hu soss näischt gemeet, ech sinn net an de Keller gaang, ech sinn net an de Bunker gaang, well ech näischt mat der Affaire ze dinn hunn.
Mä d'Comic-Geschicht vum "Lotus Bleu" geet jo nach weider. Dem Tintin seng Frënn gi gefaange geholl vun de Gangsteren an am "Lotus Bleu" agespaart. Den Tintin wëll se befreien. Hie geet dohin a verstoppt sech an enger grousser Vase an héiert, wéi de japanesche Gangsterboss senge Leit Instruktioune gëtt, fir Dope ze schmuggelen, an déi zwee kleng Handlangergangster ginn dann hirer Wee. An iwwerdeems se fortginn dësen Dialog:
- Je crois que Tintin ne viendra pas...
- Non, il se sera méfié.
Den Tintin klëmmt aus senger Vase eraus a seet:
- Héhé! Tout cela n'est pas tombé dans l' oreille d'un sourd!...
Den Tintin huet also ganz genee héieren, wat d'Bandite geschwat hunn, hien leeft fort, a wat hien do héieren huet, féiert zum Denouement an zur Verhaftung vun de Gangsteren.
De Clou awer ass den Arrangement vun de Biller. Et sinn an der Mëtt vun der Säit 55 dräi Biller noeneen, op déi et ukënnt:
1. Bild: Déi zwee Banditte soen, den Tintin kéim net, en hätt der Saach net getraut.
2. Bild: Den Tintin klëmmt aus der Vase a seet, hien hätt alles héieren.
3. Bild: E leeft fort. An ebe just dat Bild, dat drëtt, den Tintin, dee fortleeft, huet de Ben Geiben bei sech zu Paräis, wéi hie mat Journalisten iwwer d'Bommeleeër an d'Villa Chomé schwätzt. Dat 3. Bild, dat säi richtege Sënn awer erréischt kritt duerch déi zwee Biller virdrun, wou d'Banditte soen, den Tintin kéim wuel net an den Tintin seet, hien hätt alles héieren.
Pour mémoire: Am Joer 1985, fir den 19. Oktober, hat den zweete Mann aus der Brigade mobile, de Jos Steil, den Enquêteure gesot, de Ben Geiben kéim op Lëtzebuerg; et ass eng Observatioun organiséiert ginn, de Ben Geiben sollt, wéi den Tintin, gepëtzt ginn. Dunn huet de Steil de Leit vum Geheimdéngscht gesot, de Geiben kéim net, mä deen ass komm, d'Bomm um Geriicht ass explodéiert, deen anere Mueren ass de Geiben an d'Villa Chomé gefuer – wat hien do annerhallef Stonn laang gemaach huet, weess bis haut keen –, duerno ass de Ben Geiben an de Reckendall gefuer, d'Leit vum SREL hannendrun, hien huet um Schéissstand mam Jos Steil diskutéiert an ass mat Karacho op Bréissel fortgerannt, fir net ze soen: fortgelaf.
Zeréck bei de "Lotus Bleu". Wann een den Tintin duerch de Ben Geiben an d'Opiumspelunk duerch d'Villa Chomé ersetzt, da sprangen engem d'Parallelen an d'A.
Et ass wéi wann de Ben Geiben soe wéilt: Ech weess genee, wat an der Villa Chomé lass war, ech weess, wie gesprengt huet, ech weess genee, wien d'Fiedem gezunn huet an der Bommeleeër-Affaire, ech sinn awer fortgelaf, wéi et mer ze hot ginn ass.
De Message vum Notizbuch, de Message vun der Terror-Geschicht "Lotus Bleu" wier also deen: De Ben Geiben wéisst alles, hie kéint et awer nëmmen duerch d'Blumm, duerch d'Notizbuch ze verstoe ginn. Et kéint een och soen: Hien leeft nach ëmmer virun deeër Geschicht fort, bis op Paräis, bis an d'Comic-Land.

A wien hat d'Fiedem gezunn, wien ass de Lëtzebuerger Rastatopoulos? Fir et mam Hergé ze soen:
Mille millions de samouraïs, si je le tenais.
An um Donneschdeg den Owend dann och ganz vill Biller vun dëser spannender Geschicht bei de Kollege vun der Tëlee am Journal an och hei op RTL.lu.