1 Joer Suspensioun vum Bommeleeër-Prozess

Wéi d'Zäit vergeet: Harpes, Bourg, Reuland, Stebens, Schockweiler a Weydert - 6 fréier Gendarme géint déi wéint der Affär Bommeleeër enquêtéiert gëtt.
Dat zanter engem Joer. Well genee virun engem Joer huet d'Riichterin Sylvie Conter an engem Tëschenuerteel no 177 Sëtzungen de Bommeleeër-Prozess gestoppt. E puer Deeg virdrun hat de Procureur Georges Oswald d'Nimm vun de 6 futurs inculpés genannt. Déi 6 fréier Gendarmen ware jo am Prozess duerch inkohärent, widderspréchlech oder incroyabel Aussoen opgefall.
De Procureur Oswald hat op enger Pressekonferenz gesot, firwat géint déi 6 enquêtéiert gëtt: sief well si selwer drun deelgeholl hunn, sief et datt si d'Doten organiséiert oder toleréiert hunn.
Haut kann ee soe: et gëtt vill geschafft, an der Villa Chomé ass eppes fonnt ginn an de Ben Geiben ass nach eng Kéier verhéiert ginn. Ee Joer ass et also hier, datt de Bommeleeër-Prozess gestoppt ginn ass. Den Nico Graf huet mam Procureur Oswald geschwat, deen iwwer Telefon am Ausland ze erreeche war.
Un de Procureur Oswald war et virop natierlech déi Fro, déi d'Journalisten och dacks gestallt kréien: wou si mer drun? Geschitt nach eppes oder ass d' Saach eriwwer? Et géif ganz intensiv dru geschafft ginn, sou de Procureur, d'Equipe vun Enquêteure wier ëmmer nach komplett.Am November hat de Ben Geiben Radio an Télé Lëtzebuerg jo en Interview ginn an ongewollt op d'Villa Chomé als Zentrum vun de Bommeleeër gewisen. Zu Dommeldeng wier eppes erausfonnt ginn, awer näischt, wat den Duerchbroch um Dossier bréngt, sou de Procureur, deen awer net wëll kommentéieren iwwer méiglech Sprengstoffspuren.
An der Suite vun Interview a Perquisitioun ass de fréiere Chef vun der brigade mobile och nach eng Kéier gehéiert ginn. Wann do den Untersuchungsriichter géif fannen, datt deen och inculpéiert soll ginn, géif et derzou kommen.
De Procureur Oswald betount, et wiere méi wei 6 Leit, déi den Ament um Dossier Bommeleeër schaffen. Ofgesinn vum Komplex Villa Chomé wäerte si an der Haaptsaach d' Prozess-Akten aus. Dat alles muss analyséiert ginn, ënnerenaner an och mat de fréieren Aussoen. Déi Synthese-Rapporte géife ganz vill Zäit an Usproch huelen.
Et wier net virun Enn des Joers mat enger Decisioun vum juge d'instruction Ernest Nilles, ob een inculpéiert soll ginn.