"Net an der kommender Éiwegkeet mat eppes ze rechnen"

© RTL (Archiv)
Virun engem Joer gouf de Prozess ënnerbrach. De Me Vogel rechent nach soubal net mat enger Suite. Vum Staat kéinten "dommages et intérêts" gefrot ginn ...
De Bommeleeër-Prozess ass virun genee engem Joer ënnerbrach ginn, well géingt 6 fréier Gendarmen enquêtéiert gëtt. An domat sinn d'Defense-Rechter vun den zwee Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes extrem beréiert. Op am Gudden oder am Schlechten fir si, dat muss sech erausstellen.
Hir Affekote Gaston Vogel a Lydie Lorang soen awer, si wéisste guer net, wou déi nei Instruktioun dru wier.
Den Affekot vum Marc Scheer, de Gaston Vogel, ass däitlech wéi gewinnt: "Mir wëssen iwwerhaapt näischt." Dofir hätt een dem Untersuchungsriichter e Bréif geschriwwen an deem ee verlaangt, an der "Cause" endlech informéiert ze ginn, wat am Gaangen ass.
PDF: Courrier un den Untersuchungsriichter.
Well béid Affekote sinn iwwerzeegt, si hätte fir hir Clienten d'Recht, gewuer ze ginn, wat lass ass, seet d'Lydie Lorang: Et géing jo géint eng Cause géint hir Clienten, géint e Supplement zu deem Dossier an dofir misst een Accès op den Dossier hunn, zu ale Piècen.
Den Ament sinn déi zwee Defense-Affekoten op dat ugewisen, wat si esou dorëmmer héieren, vun den Affekoten, déi d'futur Inculpéë verteidegen: Bis elo wier nach keen interrogéiert ginn. "Wat do geschitt, je n'en sais rien." Et wieren och vill Bréiwer, Dokumenter beim Parquet ukomm, déi géifen net virugi ginn, dofir freet de Me Vogel, wien och ëmmer eppes schéckt, dat och u si ze schécken. Fir datt alles komplett ass.
Vum Procureur Georges Oswald si mer jo gewuer ginn, datt d'Prozess-Akten opgeschafft ginn, datt se ausgewäert an op Kontradiktiounen recoupéiert ginn:
"Dat ass elo schonn ee Joer laang am Gaangen, d'Recoupéieren", esou de Me Vogel. De Procureur Oswald hätt jo gesot, et wier net virum Enn vum Joer mat eppes ze rechnen. De Me Vogel: "Ech soen Iech, et ass net dermat ze rechnen an der kommender Éiwegkeet."

An der Saach - wien huet déi 19 Bomme geluecht? - an deeër Saach hunn déi zwee Affekoten am Fong näischt Neies ze soen: De Police-Budget kéint net de Grond fir d' Attentater sinn, d'Piste militaire misst onbedéngt weider verfollegt ginn an d'Geheimdéngschter – den amerikaneschen, den italieneschen an den däitschen – déi hätte matgeméscht, net ze vergiessen déi nach net 100%eg bewise Branche militaire vum Lëtzebuerger Stay-behind.
Déi gewinnten Theorien also. Déi zwee Affekoten dreeën dermat, fir hir zwee Clienten "dommages et intérêts" vum Staat ze fuerderen.