Affär Bommeleeër ass relancéiert - Méi Froe wéi Äntwerten
De Guy Santer seet, dass de Colonel Harpes him gesot hätt, de Jos Steil wier nom Attentat am Dezember 1985 ugehale ginn, an nees lafe gelooss ginn.
De fréiere Gendarmerie-Colonel Harpes wosst, datt de verstuerwene Gendaarm Jos Steil just nom Attentat um Sommet am Dezember 1985 arrêtéiert ginn ass, a lafe gelooss ginn ass.
Dat sot e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz de fréiere Polizist Guy Santer. Hie wier dat dëser Deeg vum Colonel Harpes selwer gewuer ginn. An domat ass d'Affär Bommeleeër relancéiert.

Ugefaang mat engem klenge Rappel. Bal genee virun 30 Joer war den europäesche Sommet um Kierchbierg, Kohl, Mitterand alles war do. Et hätt keen Attentat dierfe ginn. Et gouf – dat war an der Gendarmerie bekannt – just eng Méiglechkeet fir eng Bomm ze geheien: aus engem Auto eraus, well d'Autobunn war net gespaart ginn. An, wéi bestallt a geliwwert, genee esou koum et: um 17.50 Auer ass aus engem Auto e Knuppert erausgehäit ginn den 2. Dezember 1985. De Polizist Guy Santer erzielt et esou:
Guy Santer: Dat ass dann en Auto, deen ass komm, e wäissen Audi... deen ass dann du fortgefuer, ass fortgerannt wéi e Wëllen. Déi aner waren hannendrun, Gendaarmen a sou weider a sou virun déi waren hannendrun, a si hunn den Auto gestoppt. Sou... wee souz am Auto? Wie souz do am Auto?? Am Auto souz de Steils Jos! Wat huet de Steil's Jos gezielt, wat ass do geschitt, wat war do, wat war net, ech hu keng Ahnung. Ech war net derbäi. Ech huelen un, dass de Steils Jos hinnen erkläert huet, wann lo hei eppes eraus kënnt, heivunner, souwisou da geet eis, wéi sot e jo ëmmer, da geet eis Dynastie d'Baach of... sou an deem Style, net wuertwiertlech. Firwat huet en dat gesot, ech weess et net. Wie waren déi Gendaarmen déi de Jos ugehalen hunn? Ech weess et net. Ech hunn déi Informatioun do aus éischter Hand vun engem Kommandant aD (ausser Dienst) vun der Gendarmerie.

© Alain Lamesch / RTL
An dat ass keen anere wéi den Aloyse Harpes. De Guy Santer huet virun enger Woch an en Donneschdeg nach eng Kéier mam Aloyse Harpes geschwat.
Guy Santer: Den Här Harpes huet mir gesot, majo wee souz dann am Auto? Dat war den Här Steil. Sou.. et ware vläicht net genau déi dote Wierder déi ech elo soen, mä de Steil souz am Auto sot en.
Déi kruzial Fro ass natierlech, wéini ass den Aloyse Harpes dat gewuer ginn? Weess hie schonn zanter Joeren, datt de Jos Steil, den zweete Mann aus der brigade mobile, e Bommeleeër war?
Guy Santer: Den Harpes huet mir gesot, hie wier duerno, im Nachhinein informéiert ginn, dass et de Steil gewiescht wier. Im Nachhinein! Wat ass do geschitt? Ech weess et net. Wee war op der Plaz, Gendaarmen? en huet näischt gesot, ech weess et net. Wien dass en ugehale huet, ech weess et net. Déi Gendaarme si jo doudsécher nach do, do misst een där Saach nogoen.

© Nico Graf
Im Nachhinein wier de Colonel Harpes dat gewuer ginn, seet de Guy Santer.
De Colonel Harpes konfirméiert op Nofro, datt hie mam Guy Santer geschwat huet, iwwert d'Bomm vum Sommet, iwwer de Jos Steil. Konfirméiert och, hie wier gewuer ginn, datt de Jos Steil ugehal gi wier. Wéini ass hien dat gewuer ginn? No senger Pensioun, seet hien. Dat wier fréistens am Joer 1988 gewiescht. De Colonel Harpes sot och nach, hie wier dat vun der Untersuchungsriichterin Doris Woltz gewuer ginn. A wéi mir hie gefrot hunn, firwat hien am Bommeleeër-Prozess dovunner net geschwat huet, sot hien, hien hätt näischt Sécheres gewosst an um Geriicht kéint ee jo net einfach esou schwätzen.
Do gëtt et also nach vill ze klären.
Eent awer ass sécher: datt um Sennengerbierg e potentielle Bommeleeër arrêtéiert gi war, dat si mir, Radio an Télé-Lëtzebuerg, eréischt am Joer 2008 gewuer ginn, vun Taxi-Chaufferen, déi dat iwwer Polizeifunk um Kierchbierg matkritt haten.
Wat haut also gesot ginn ass, dat ass a Sécherheetskreesser albekannt.
Nach e Wuert zum Guy Santer: dee wollt an den 80er Joer eng Privatdetektei opbauen, hat dowéinst och Kontakt mat dem Ben Geiben, an hat och juristesch Streidereie mat deem. D'ailleurs huet hien um Freideg nach eng Kéier widderholl, de Ben Geiben hätt him eng Kéier zu Bréissel gesot, hien wéisst wien d'Bommeleeër wieren. Och do méi Froe wéi Äntwerten.

© Alain Lamesch / RTL