"Den Harpes wousst alles, wat de Guy Santer gesot huet, net eréischt zanter datt hien an der Retraite ass", mengt de Gaston Vogel.

Wien huet do vertuscht? A wéi? A firwat? Dat sinn esou d'Froen, déi de Maître Gaston Vogel sech stellt, nom Interview un der leschter Woch. Do hat jo de Guy Santer gesot, de Colonel Harpes hätt him confirméiert an der Bommeleeër-Affär wier virun 30 Joer nom Knuppert vum Sommet de verstuerwene Gendarme Jos Steil arrêtéiert a lafe gelooss ginn.

AUDIO: Reaktioun Vogel iwwer Santer / Reportage Nico Graf

Wie war wou, wéi et um Sommet geknuppt huet? Déi Fro hat jo d'Geriicht am Bommeleeër- Prozess vill beschäftegt. An d'Äntwerte ware kontradiktoresch. Vun de Gendarmerie-Offizéier hat awer kee sech outre-mesure opgereegt.

"Den Harpes war den Zeus vun der Gendarmerie dee Moment. An den 2. Dezember 1985 ass dat Attentat geschitt während dem Sommet, wou all déi feierlech Leit zesumme kommen, déi sech kussen, op d'Schëllere schloen a sou virun. An da kënnt ënnert déi Leit eng Bomm, dat war jo e richteg Äerdbiewen. Den Harpes huet net vill Notiz vun dem Äerdbiewe geholl, dat huet mech ëmmer schonn enorm gestéiert. Wat mech nach méi gestéiert huet, dat ass, datt si deene Leit nogefuer sinn a kritt hunn. An dunn hu se gesot, deen ass jo vun der BMG, wat jo net méi wouer war, en ass jo net méi an der BMG gewiescht, e war beim Bourg. E war dem Bourg säin Zaldot. An en huet d'Innerräumlechkeeten ze iwwerwaachen gehat. Ech schwätze vum Steil."

De Gaston Vogel huet natierlech sans surprise seng Theorie.

"Wien ass déi Sau, déi dat gären hätt, well hei gëtt jo jidderee gelackmeiert. Dat sinn d'Secrete vun den Nato-Geheimdéngschter, déi um Oeuvre waren zu Lëtzebuerg."

Ofgesinn vun deem putativen Hannergrond, stellt sech eng aner praktesch Fro.

"Wie waren déi Leit, déi den Auto ugehalen hunn. Wann den Harpes elo zum Beispill seet, ech sinn et gewuer ginn, wéi ech an der Retraite war, oder ech sinn et gewuer gi vum Woltz... Dat ass jo Quatsch. Hie wousst dat direkt, sofort. An en huet wahrscheinlech dat gemaach, wéi beim Geriicht, ofgebremst."

Fir de Maître gëtt et awer keen Doute, wien e Bommeleeër ass.

"Ech schwätze vum Steil. Dat war de Bommeleeër".

De Jos Steil also, gebongt, iergendwéi, mä dee war dunn um Kommando an der Stad, beim Charel Bourg.

"De Bourg muss gefrot ginn. Hie war deemools Direkteur des operations an hie muss wëssen, ob et de Steil war, oder net. An do geet et net, fir weider ze leien, esou wéi hien et an der Sëtzung gemaach huet, wou en hallef gelunn huet. Dat ass elo e Problem fir den Untersuchungsriichter. Dat ass fir mech e ganz gravéierende Problem. An dee muss elo ugepaakt ginn, well elo setze de Bourg mat de Weck am Ketterad."