E Schiet aus der Vergaangenheet ass am Gaangen, de Premier anzehuelen. Et geet ëm eng Privat-Entrevue mam André Kemmer ... déi vill Reaktiounen ausléist.

Déi rezent Evenementer aus de leschten Deeg sinn d'nächst Woch ee Sujet an der Chamber. Um Donneschdeg wor d'Conférence des Présidents vun der Chamber beieneen. Wéi den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry no der Sitzung sot, gouf festgehal, dass en nächsten Dënschdeg zwou d'Heures d'Actualité decidéiert goufen.

AUDIO: Den Alex Bodry

Éischtens geet et ëm d'Relatioun tëscht dem deemolegen Deputéierten Xavier Bettel an dem fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht André Kemmer.

Zweetens gëtt et op Propositioun vum Deputéierte vun déi Lénk Serge Urbany een Debat doriwwer, wou d'Enquête Judiciaire an der Geheimdéngschtaffär drun ass.

Et gëtt deemno nächsten Dënschdeg iwwert déi zwee Sujeten een Debat d'Actualité an der Chamber, wou all Fraktioun 10 Minutten Zäit huet driwwer ze schwätzen.

AUDIO: Aktualitéitsstonnen/Reportage Nico Graf

Och de Justizminister Félix Braz an de fréiere Procureur général Robert Biever hu sech kuerz zur Affaire geäussert. De Reproche, dee sech de Premier géing maachen, ass, datt hien deemools net seng Grënn genannt hätt, fir aus der Kommissioun auszetrieden, sou de Félix Braz. Dat wier de Kär vun der "Affaire", wéi d'Wort géing schreiwen.

De Robert Biever huet dat Ganzt nëmmen hallef suivéiert. Wien hätt net schonn ee Feeler gemaach? Och an der Press géinge mol gelunge Saache stoen, wou Leit sech vläicht geiert hunn. Zu deem Ganzen hätt hie keng Meenung. E wéilt och net, datt et sou géing ausgesinn, wéi wann hie seng Revanche géing huelen. C'est pas mon truc, sou de Robert Biever. De Robert Biever huet domat ugespillt an déi onbegrënnte Pedophilies-Affair, déi de Geheimdéngscht him an Éigeregie unhänke wollt.

Dynamik am Dossier um Dënschdeg

De Xavier Bettel ass an der Defensiv. Nodeem e Méindeg bekannt gouf, datt de Xavier Bettel an der SREL-Affaire am Hierscht 2015 als Zeie gehéiert gi war, well en als Nach-Member vun der Enquêtëkommissioun eng Entrevue mam Haaptprotagonist André Kemmer hat, ass eng nei Dynamik am Dossier dran. Um Dënschdeg de Moien huet d'CSV esouguer gemengt, de Premier misst schlëmmstefalls zerécktrieden. D'ADR schwätzt vu klore Putsch-Intentiounen deemools an déi Lénk gesinn eng bëlleg Retourkutsch vun der CSV elo. Den Alex Bodry vun der LSAP seet, hien hätt kee Kontakt zu Implizéierte gesicht ...

Bettel: Haut anescht informéieren

AUDIO: Bettel iwwer Kemmer/Reportage Nico Graf

"Et war net opportun, der Kommissioun net gesot ze hunn, dass ech den André Kemmer gesinn hunn": Dat sot de Xavier Bettel am fréien Nomëtten am RTL-Interview am Zesummenhank mat der sougenannter Affär Bettel-Kemmer, vun där d’CSV am spéide Moie gesot hat, déi ganz Wourecht misst an den nächsten Deeg op den Dësch. Et hätt en honorabele Grond ginn, dass hien aus der Enquêtëkommissioun demissionéiert hätt, well den deemolegen Oppositiounspolitiker d’Gefill hat, vum fréiere Geheimdingschtmann manipuléiert ze ginn. "Wann ech zréckkucken, hätt ech der Kommissioun et direkt solle soen, well et gouf näischt ze verstoppen", sou de Premier um Dënschdeg.

An der Auditioun vum André Kemmer an der Enquêtëkommissioun, am Februar 2013, wären Elementer zu Dag komm, déi säi subjektiivt Gefill, instrumentaliséiert ze ginn, verstäerkt hätten.

De Staatsminister blouf elo och bei der Ausso, net gewosst ze hunn, dass et den André Kemmer war, deen am Dezember 2012 beim Xavier Bettel doheem mat him schwätze wollt. "Wéi e bei mir virun der Dier stoung, hunn ech en eragelooss, well et steet néierens, et wär verbueden, dat ze maachen!"

D’CSV géif elo seng Demissioun froe fir eppes, wou näischt war; och hätt hien d’Gefill, dass verschidde Leit probéiere géifen, d’Geschicht ëmzeschreiwen, sot de Premier nach.

Um Dënschdeg de Mëtten sot de Xavier Bettel och, dass hien no der Kommissiounssëtzung am Februar 2013 gewuer gi wier, dass den André Kemmer dorëmmer erziele géif, hien hätt d'Protectioun vun der DP.

Doropshin hätt hien du seng Demissioun aus der Enquêtekommissioun ginn. No hanne gekuckt géif hien hautdesdaags d'Kommissioun méi genee informéieren.

CSV: Wa kee Vertraue méi, dann ...

"Wann ee kee Vertraue méi huet, dann ass een der Meenung, dass de Staatsminister net méi ka bleiwen!", sou de Claude Wiseler um Dënschdeg de Moien.

Knapp 5 Minutten huet de Point-presse vun der CSV zur sougenannter Affär Bettel-Kemmer gedauert, ma déi haten et a sech.

RTL

© Nico Graf

De Fraktiounschef vun der gréisster Oppositiounspartei huet an där kuerzer Zäit nämlech gefuerdert, dass - no de Revelatioune vun e Méindeg op RTL an deene vum Wort vun en Dënschdeg de Moien - sou séier wéi méiglech d'Wourecht misst op den Dësch kommen iwwert d'Réunioun tëscht dem deemolegen Oppositiounspolitiker Xavier Bettel an dem fréiere Geheimdéngschtmann André Kemmer.

De Claude Wiseler sot wuertwiertlech: "Wann ee kee Vertraue méi huet, dann ass een der Meenung, dass de Staatsminister net méi ka bleiwen!"

Den CSV-Fraktiounschef wollt, wéi hien am Ufank betount huet, kloer an däitlech Saache soen, an dat huet hie gemaach, de Claude Wiseler: "Éischtens, fanne mer et absolut inakzeptabel, wann e Member vun enger Commission d'enquête en Zeien eleng bei sech doheem empfänkt. Dat ass an eisen Aen eppes, wat einfach net geet a wat géint all juristesch Grondprinzipie verstéisst. Zweetens fir eis genau sou inakzeptabel, datt wann den Här Bettel dat scho gemaach huet, en dono d'Commission d'enquête net informéiert. Eng Kommissioun muss all Informatiounen an eisen Ae kréien an d'Gesetz gesäit ganz kloer vir, datt eng Kommissioun just als e Ganzt ka virgoen an et ass net un eenzelne Membere vun der Kommissioun fir Initiativen, fir Aktivitéiten ze ënnerhuelen. Dat, wat den Här Bettel gëschter um Radio gesot huet, datt déi eenzel Membere vun der Kommissioun d'Rechter vun engem juge d'instruction hätten, dat ass net richteg. Et ass d'Kommissioun als Ganzt, déi déi Rechter huet, an zu mindestens hätt déi Informatioun onbedéngt missen un d'Kommissioun weidergoen."
Och hätt de Xavier Bettel net direkt no der Reunioun mam André Kemmer aus der Enquêtëkommissioun demissionéiert. Dat wier réischt 4 Méint dono geschitt, nodeems schonn eng ganz Partie Sëtzunge vun der Kommissioun waren. An enger vun deene Sëtzunge war den Här Kemmer souguer selwer dobäi a wou den Här Bettel him eng 30 Froe gestallt huet. Dat, wat den Här Bettel op RTL gesot hätt, géif net der Wourecht entspriechen, sou de Claude Wiseler.

Pressekonferenz vun der CSV

Den DP-Politiker hätt bei senger Demissioun och aner Grënn ugi wéi gëschter. Do géif ee sech froen, wisou en d'Kommissioun net direkt informéiert huet iwwert déi richteg Grënn.
De Claude Wiseler huet awer och nach eng aner wichteg Fro ouni dobäi awer engem eppes wëllen ze ënnerstellen: "Ob am Dezember de President vun der Kommissioun, den Här Bodry... de Rapporter vun der Kommissioun, den Här Bausch, respektiv de Vizepresident vun där Kommissioun am Dezember informéiert waren, datt den Här Bettel den Här Kemmer, ee vu den Zeien, empfaangen huet oder mir wëlle wëssen, ob de President de Rapporter an de Vizepresident am Abrëll gewuer gi sinn, wat dann déi richteg Cause vun der Demissioun vun dem Här Bettel waren."

D'Konklusioun fir de Claude Wiseler ass déi: "Datt an deenen nächsten Deeg, a ganz schnell, all Wouerecht hei muss op den Dësch kommen. An datt dono mussen déi entspriechend Konsequenzen och gezu ginn. A wann dat hei sech alles als wouer soll eraus stellen, dann ass et ganz kloer, datt ee kee Vertrauen an dëse Staatsminister kann hunn. Hei steet d'Glafwierdegkeet vun dësem Staatsminister um Spill. Mir hätte gär d'Wourecht, ganz schnell, sou schnell wéi méiglech. A mir sinn och bereet all parlamentaresch Moyenen déi eng Oppositioun huet, dofir anzesetzen, fir déi gesamt Wourecht ze kréien."

Dem CSV-Fraktiounschef no wär et och ganz schwéier ze gleewen, dass hien net gewosst hätt, dass den André Kemmer géif bei hie kommen. De Xavier Bettel wousst wuel, mat weem hie géif zesumme kommen an dass den André Kemmer Zeien an enger vun den nächste Réunioune vun der SREL-Enquêtëkommissioun wär.

AUDIO: Entrevue Bettel-Kemmer / Reaktioun vun der CSV

ADR: Putsch war Zil

Fir de Gast Gibéryen, dee fir d’ADR an der Enquêtekommissioun souz, weisen all déi verschidden Elementer zënterhier, dass d’Basiszil deemools e politesche Putsch gewiescht wier ...

AUDIO: De Gast Gibéryen

LSAP: Besser kee Kontakt

Den deemolege President vun der Enquêtekommissioun, den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, huet um Dënschdeg de Moien op déi bis ewell geheim Entrevue Bettel-Kemmer reagéiert.

Den Alex Bodry hätt am Xavier Bettel senger Plaz kee Kontakt mat enger implizéierter Persoun zougelooss. Trotzdem wier d'Aarbecht vun der Enquêtekommissioun net vun der Entrevue beaflosst ginn.

Den Alex Bodry betount selwer, näischt vum Xavier Bettel sengem Treffe mam André Kemmer gewosst ze hunn. An enger politescher Enquête géif et keng fest Regele ginn a jiddweree misst selwer wëssen, wéi een un déi Aarbecht erugeet. An awer war et fir den Alex Bodry kloer, dass hie kee Kontakt gehalen huet mat Leit, déi direkt implizéiert waren.

AUDIO: Den Alex Bodry (1)
AUDIO: Den Alex Bodry (2)

Et sollt een d'Affaire awer elo net iwwerbewäerten, seet den Alex Bodry. Aus den Informatiounen, déi hien hätt, géif net ervir goen, dass iergendwellech Ficellë gezu gi wieren a probéiert gi wier, d'Enquête an eng gewësse Richtung ze guidéieren. "Dat Eenzegt, wat den Här Kemmer ëmmer probéiert huet ze maachen, während deene ganze Méint, dat war, fir sech sou wäit wéi méiglech eraus ze halen aus dem Schoss an aner Leit vläicht amplaz an d'Schosslinn ze kréien."

A wéi muss een d'Saach bewäerten, dass de Xavier Bettel eréischt 4 Méint nom geheimen Treffe mam Zeien André Kemmer aus der Enquêtekommissioun zeréckgetrueden ass? Den Alex Bodry: "Ah ech denken, dass den Här Bettel seng Decisioun geholl huet zeréck ze trieden, wéi e gemierkt huet, dass och den Här Kemmer nach zousätzlech belaascht ginn ass am weidere Verlaf vun der Enquête op anere Punkten déi net bekannt waren am Dezember. Wat wahrscheinlech och en anere Bléck geheit huet op déi Entrevue déi hien hat mam Här Kemmer. Dat erkläert, firwat dass en zréck getratt ass."

D'Gespréich am Hannergrond vun der Enquêtekommissioun, a wellechem Kontext gesäit den Alex Bodry dat? "Do war natierlech och eng staark Zouspëtzung, politesch Zouspëtzung sengerzäit vun der Oppositioun, déi deemools ugefouert gi war vun der Demokratescher Partei géint déi deemoleg Regierung a besonnesch géint den CSV-Staatsminister. Et ass an deem Kontext mengen ech wou ee vläicht och deen dote Kontakt muss gesinn, dee sengerzäit den Här Bettel hat. Mä et bleift, dass en Fakten do op den Dësch komm sinn. U sech dat doten Evenement dat ännert näischt u sech un dem Inhalt vun der Aarbecht vun der Enquêtekommissioun."

AUDIO: Entrevue Bettel-Kemmer / Vue vum Alex Bodry

Et misst een dem Premier éischter felicitéieren. Hien hätt korrekt gehandelt, sou de Vize-Premier Etienne Schneider.

AUDIO: Den Etienne Schneider

Déi Lénk: "Billige Retourkutsche der CSV"

Déi Lénk positionéiere sech an der Causa Kemmer-Bettel géint d'CSV - de SREL wier ëmmer de Geheimdéngscht vun der CSV gewiescht a fir Récktrëttsfuerderunge géif et keen Ulass ginn. Déi Lénk schwätze vun enger bëlleger Retourkutsch vun der CSV, wat dee gefuerderte Récktrëtt vum Xavier Bettel betrëfft. Et wier och kee Geheimnis, dass d'Enquêtekommissioun fir parteipolitesch Zwecker mëssbraucht gouf, net nëmme vun der deemoleger Oppositiounspartei DP mä och vun den deemolege Regierungsparteien. Déi ablacklech Revelatiounen wiere kee Grond, e Récktrëtt vum Premier ze fuerderen. D'Entrevue vum deemolegen Oppositiounspolitiker mam André Kemmer misst een net guttheeschen, mä wier awer och kee Verbriechen, heescht et nach vum Serge Urbany vun déi Lénk. Vill méi wichteg wéi dës Geschicht wier d'Reform vum SREL.

De Serge Urbany war iwwregens e Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun um 10 op 8 op Radio Lëtzebuerg.

Nach den Berichten von Luxemburger Wort und RTL Radio über ein Treffen zwischen dem damaligen Oppositionspolitiker Xavier Bettel und dem Geheimdienstmann André Kemmer, hat der CSV-Fraktionschef Claude Wiseler heute eine Untersuchung der Vorfälle und gegebenenfalls einen Rücktritt des Premierministers gefordert.

Serge Urbany von déi Lénk sieht darin vor allem ein politisches Manöver der CSV. Dies sei lediglich eine „billige Retourkutsche“ für die Aufdeckungen im Zuge des SREL-Skandals, die letztendlich zum Rücktritt der vorherigen Regierung geführt haben. „Der SREL ist immer der Geheimdienst der CSV gewesen“, so Serge Urbany. Gegenüber der Untersuchungskommission und der Öffentlichkeit habe damals generell eine Desinformation seitens der verschiedensten Geheimdienstkreisen stattgefunden. Es sei kein Geheimnis, dass die Kommission für parteipolitische Zwecke missbraucht wurde, nicht nur von der damaligen Oppositionspartei DP, sondern auch von den damaligen Regierungsparteien.

„Die derzeitigen Enthüllungen sind kein Grund für Rücktrittsforderungen“, so Serge Urbany weiter. Das Treffen des damaligen Oppositionspolitikers mit Kemmer müsse man nicht gutheißen, es handele sich dabei jedoch nicht um ein Verbrechen. Schließlich sei die Untersuchungskommission kein Gericht im eigentlichen Sinn gewesen.

„Wichtiger als diese Geschichte ist die Reform des SREL, die immer noch im Parlament diskutiert wird. Und hier ziehen die CSV und die Regierung derzeit an einem Strang, um die Reform möglichst stark zu verwässern und alles beim Alten zu belassen“, so Serge Urbany.

Piraten: Et geet net méi mat der Hannerzemmerpolitik!

Och d'Piratepartei huet um Dënschdeg reagéiert. Hire President Sven Clement weist drop hin, dass d'Aarbecht vum Xavier Bettel als Vizepresident vun der Enquêtekommissioun beaflosst wor. Et wier ee staarkt Stéck, dass den deemolege Vizepresident vun der Kommissioun dem André Kemmer geziilt Froe gestallt hätt, ouni dass déi aner Memberen aus der Kommissioun eppes iwwert hir Entrevue am Virfeld dovu woussten. De Xavier Bettel hätt iwwerdeems seng Glafwierdegkeet an och déi vum Rechtsstaat op d'Spill gesat, andeems hien réischt véier Méint méi spéit aus der Kommissioun demissionéiert huet. D'Piratepartei fuerdert eng konsequent Opklärung vun der Affär a méi Transparenz:
Gëschter gouf bekannt, datt sech den haidege Premier an deemolege Vize-President vun der sougenannter SREL-Enquêtekommissioun mat engem vun den Haaptzeie getraff huet. „Alleng d'Tatsaach, datt sech de Vizepresident vun enger Enquêtekommissioun heemlech am Virfeld mat engem Zeien am Privaten trëfft, fir iwwert eng Affär ze diskutéieren, ass ongeheierlech! Besonnesch brisant gëtt et doduerch, datt d'SREL-Affär sech och schonn zum deemolegen Zäitpunkt als eng gréisser Staatsaffaire ugedeit huet", sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei Lëtzebuerg.

Dëst beweist och, datt d'Aarbecht vum Här Bettel als Vizepresident an der Enquête beaflosst war, wouduerch d'Vernehmung vum mëttlerweil an d'Kommissioun convoquéierten Zeien en anere Laf geholl huet. „Datt den Här Bettel dem Här Kemmer dann och nach geziilt Froe gestallt huet, an dat ouni datt déi aner Member vun der Enquêtekommissioun eppes vun deem Virabtreffe wossten, ass en staarkt Stéck!" sou de Sven Clement weider.

Et huet ganzer véier Méint gedauert, bis den Här Bettel als Vizepresident vun der Kommissioun demissionéiert huet. Domadder huet den Här Bettel souwuel seng als och d'Glafwierdegkeet vum Rechtsstat op d'Spill gesat.

„No deems den Här Bettel en aneren, e besseren, a virun allem méi en transparente Politikstil beweise wollt, fanne mer haut erëm eraus, datt dëse fir d'éischt geaffert gëtt, wann et onbequem gëtt!", ergänzt den Sven Wohl, Vizepresident vun der Piratepartei. „Et geet net méi mam Juncker" soll de Xavier Bettel gesot hunn. Mir soen: Et geet net méi mat der Salamitaktik a mat der Hannerzëmmerpolitik! D'Piratepartei fuerdert eng konsequent Opklärung vun der Affär an endlech tatsächlech eng aner, méi transparent Politik!

DP kontert: "Die politische Glaubwürdigkeit von Claude Wiseler steht auf dem Spiel"

D'Äntwert vun der DP huet awer net laang op sech waarde gelooss - fir si steet d'Grafwierdegkeet vum Claude Wiseler um Spill:

Es ist mehr als erstaunlich, dass ein Oppositionsführer aufgrund eines Medienberichtes innerhalb kürzester Zeit den Rücktritt des Premiers fordert. Sind nunmehr alle Mittel recht um an die Macht zu gelangen? Dass einige CSV-Kreise versuchen, anderen Lektionen in Rechtsstaatlichkeit zu erteilen, zeigt vor allem, dass diese wohl noch immer nichts aus der Geheimdienstaffäre hinzugelernt haben. Es wäre wünschenswert gewesen, dass diese CSV-Kreise sich mit derselben Akribie an der Wahrheitsfindung im Rahmen des Geheimdienstskandals, der 2012 bekannt wurde, beteiligt hätten. Ein Geheimdienstskandal, der die Fundamente unseres Rechtsstaats erschüttert hat.

Es sei daran erinnert, dass über Jahre hinweg die Aktivitäten des SREL aus dem Ruder gelaufen sind. Illegale Abhöraktionen, Diffamationskampagnen gegen Personen des öffentlichen Lebens, Untergraben der Justiz und vieles mehr.

Über rechtsstaatliche Reflexe

„Xavier Bettel hat sich wie andere Politiker des Untersuchungsausschusses an der Aufklärung der Geheimdienstaffäre beteiligt. Hätten andere Politiker dasselbe Verständnis von
Rechtsstaatlichkeit gehabt, wäre es nie zum Geheimdienstskandal gekommen", so Generalsekretär Marc Ruppert.

Unrühmliche Auftritte der CSV im Untersuchungsausschuss

Im Untersuchungsausschuss haben die CSV-Vertreter zu keinem Zeitpunkt aktiv an der Aufklärung dieses Dossier mitgewirkt. Im Gegenteil: Bis zuletzt haben sie versucht, den Abschlussbericht des Untersuchungsausschusses und vor allem die darin enthaltenen Schlussfolgerungen zu verhindern und so klar erwiesene Fakten zu leugnen.

Plumpe Parteipolitik der CSV

Es ist daher von Seiten von Claude Wiseler ein sehr plumper Versuch, das Rad der Geschichte zurückzudrehen. Anstatt sich inhaltlich mit der Regierung auseinanderzusetzen, begibt er sich auf politische Nebenschauplätze.

Premier gehéiert - wéint Entrevue
De Premier Xavier Bettel ass an der SREL-Affär vum Juge d'instruction Ernest Nilles am Hierscht als Zeie gehéiert ginn. Dat hat de Premier e Méindeg am RTL-Interview confirméiert. Do virdru war de fréiere Geheimdéngschtmann André Kemmer iwwer eng Vertrauenspersoun vum Staatsminister un deen erugetrueden, fir him Informatiounen am Kader vun der SREL-Enquêtekommissioun ze ginn.

AUDIO: Interview Xavier Bettel iwwer SREL-Affaire

Déi Enquêtekommissioun hat wéinst der Auerenaffär de 4. Dezember 2012 mat hirer Aarbecht ugefaang, präziséiert d'Wort um Dënschdeg.

Den deemolegen Oppositiounspolitiker a Vizepresident vun der Enquêtekommissioun hätt den André Kemmer Enn Dezember dat Joer doheem zu Bouneweg  empfaangen. Dono awer, sot de Premier e Méindeg am RTL-Interview hat hien d'Gefill, instrumentaliséiert ginn ze sinn. De Xavier Bettel huet doropshin aus der Enquêtëkommissioun demissionéiert, well hien ebe mam Zeie geschwat hat.

Zum Verlaf vum Gespréich mam Untersuchungsriichter Ernest Nilles sot de Premier e Méindeg:

Xavier Bettel: Gutt, ech hu genau dat selwecht gesot wéi Iech an ech hunn ëm och gesot, dass ech mer all Recht géif operhalen, deemno wat den Här Kemmer géif zielen, fir och Plainte géint den Här Kemmer ze maachen.

Eric Ewald: Fäert Dir net, dass dat heiten elo kéint ebe vun der Oppositioun géint Iech elo gebraucht ginn fir eben ze soen, deen huet sech deemools beaflosse gelooss an huet et an eng gewësse Richtung gedréckt, déi dann dozou gefouert huet, dass den deemolege Premier huet musse senger Wee goen?

Xavier Bettel: Wann ech net aus der Kommissioun demissionéiert hätt, wann ech Member bliwwe wier, wann ech beim Schlussrapport och an der Kommissioun, d'Entretiene mat den Zeien, d'Verhéier mat den Zeien plus déi vum Här Kemmer nach dobäi gewiescht wier, géif ech dee Reproche akzeptéieren. Dofir hunn ech demissionéiert well ech eben och Konsequenze wollt zéien, a virun allem awer och net dee Reproche wollt gemaach kréien.

AUDIO: De Xavier Bettel um Mikro vum Eric Ewald

Am Lëtzebuerger Wort vun en Dënschdeg heescht et allerdéngs, datt de Xavier Bettel wuel bei der Auditioun vum André Kemmer  an der Chamber den 19. Februar 2013 als Vizepresident vun der Enquêtekommissioun derbäi war an do ronn 30 Mol och d'Wuert ergraff huet.

Demissionéiert hätt den deemolegen DP-Deputéierten réischt Méint duerno, méi genee den 9. Abrëll.

AUDIO: Bettel Zeien/Reportage Eric Ewald