D'Entrevue Bettel-Kemmer ass en Deel vun där Geschicht.

Et muss een et vläit strikt chronologesch erzielen. Am November 2005 – 20 Joer duerno – hu mir bei RTL op Radio, Telé an Internet dat bruecht, wat den entretemps verstuerwenen Eugène Beffort eis gesot hat: nämlech, datt hien nuets just virum Bommen-Attentat um Findel e Personnage vum ëffentleche Liewe gesinn hätt. Dem Premier Jean-Claude Juncker huet hien du gesot, hien hätt de Prënz Jean gesinn. Huet dat och der Untersuchungsriichterin Doris Woltz am Verhéier gesot an ass stur bei där Versioun bliwwen. De Premier an de Grand-Duc Henri haten en Entretien iwwer dee Virgang. An op emol ass d' Rumeur circuléiert, déi Entrevue wier enregistréiert ginn: et giff dovunner eng kryptéiert CD ginn. Dat Gerücht ass och am SREL ukomm a si sinn der Saach nogaang, hu sech mam Elektrofachmann Mariotto doriwwer ënnerhalen an déi Gespréicher ouni déi néideg riichterlech Autorisatiounen awer mat Wëssen vum hirem Chef, dem Premier Juncker, opgeholl. Doriwwer wollt de Marco Mille mam Jean-Claude Juncker schwätzen. Well deen awer - Euphemismus - net a Form war, ass en éischt Gespréich schief gaang an de Marco Mille huet decidéiert, et nach eng Kéier ze féieren. Fir dat ze dokumentéieren, huet hie sech iwwer säi Mataarbechter André Kemmer eng Spionage-Auer besuergt an am Januar 2007 dat ominéist Auere-Gespréich mam Premier enregistréiert. Den André Kemmer huet dem Jean-Claude Juncker dat gebeicht, deen huet de Marco Mille dermat konfrontéiert an erausgeheit – awer à l'amiable: den 1.3. Mäerz 2010 huet de Marco Mille congé sans solde geholl an ass als Sécherheets-Chef bei Siemens schaffe gaang. Erauskoum dat alles eréischt, wéi mir bei RTL recherchéiert hunn an den 19. November 2012 en Interview gemat hu mam Jean-Claude Juncker.

Vun do un war d'Affair SREL am Gaang. D'Auere-Gespréich ass publizéiert ginn a kuerz duerno huet den Deputéierten Xavier Bettel dee bis dohinner relativ onbekannten André Kemmer a seng Stuff eragelooss.

No a no – an der Press an an der Enquête-Kommissioun - ass erauskomm, datt de Geheimdéngscht total aus dem Rudder gelaf war. Et waren där Skandaler um Enn eng sëllechen. Et ass illegal ofgelauschtert ginn, drop an derwidder; et sinn Autoe vum SREL a komeschen Transactioune verkaaft ginn; de SREL huet als parallel Police Enquête wéint angeblecher Pädophilie gemat – esouguer de Procureur général Robert Biever huet sech missen dogéint wieren; et sinn zwee Archiver gefouert ginn mat Daten iwwer Leit, déi am Kale Krich iwwerwacht gi sinn; de Frank Schneider ass aus dem SREL erausgaang an huet e private Sécherheetsdéngscht gegrënnt; de Premier Juncker huet säi Chauffer an de SREL geschéckt, fir emol ze kucken, wat do lass wier. An iwwer e puer Skandaler – ënner anerem ee mat Milliounen Petro-Dollaren aus Afrika – ass esou wéineg bekannt, datt se an de meeschten Opzielungen guer net virkommen.

Iwwer ee SREL-Skandal gëtt – héiert een – grad den Ament enquêtéiert: Et ass d' Fro, firwat de fréiere President vun der Cour des comptes, de Gerard Reuter, op SREL-Käschten eng Wunneng krut.

Alles Skandaler wéint deenen et um Enn virgezunen Wahle ginn huet; alles Skandaler iwwer déi Déi Lénk an der Chamber héiere wëllen, wou d'Enquêten dru sinn.