Um Krautmaart goung et um Dënschdeg de Mëtteg ëm d'Causa Bettel-Kemmer. Um Chamber-Menu: Froen, Kriticken, Erklärungen, Divergenzen an de Wilhelm Busch.

De Staatsminister hat en Dënschdeg de Mëtteg den Deputéierten an der Chamber Ried an Äntwert ze stoen: An der Suite vun de Revelatiounen iwwert d'Aarbecht an d'Dysfunktionnementer beim SREL huet de Xavier Bettel an enger Aktualitéitsstonn Froe beäntwert iwwer seng Renconter mam André Kemmer, engem vun den Haaptprotagonisten an där Affaire an dat zu enger Zäit, an där de Xavier Bettel nach Member vun där Enquêtekommissioun war, déi sech mat där Affaire befaasst huet.

AUDIO: Bettel-Kemmer um Krautmaart: Resumé vum Nico Graf
AUDIO: Bettel-Kemmer um Krautmaart: Resumé vum Pit Everling
RTL

Et war d'Suite vun der sougenannter Affaire Bettel/Kemmer. An der Chamber stoungen en Dënschdeg zwou Aktualitéitsstonnen um Ordre du Jour. D'CSV wollt vum Premier Präzisiounen zum ominéise Gespréich. Déi Lénk wollte wëssen, wou d'Instruktiounen an der SREL-Affaire dru wieren. D'Oppositioun war um Enn vun der Heure d'actualité enttäuscht, datt et net méi Informatioune gouf.

D'Oppositioun, mat virop ADR an CSV, hat jo gefrot, datt all oppe Froen ëm dës Renconter an deem, wat tëscht béide Männer geschwat gouf, misste beäntwert ginn.

An enger zweeter Aktualitéitsstonn hunn déi Lénk Opklärung iwwer d'juristesch Suitten, déi d'SREL-Affaire mat sech bruecht hat, gefrot.

Am Ufank huet de Claude Wiseler fir d'CSV geschwat a gesot, datt de Xavier Bettel säi Réckzuch dräi Mol op enger aner Aart a Weis erkläert hätt ... jee no Gegebenheeten: ze vill Aarbecht, instrumentaliséiert, Kontakt zu Concernéiertem ...

D'CSV reprochéiert dem Xavier Bettel also, an dëser Affaire ëmmer nees mat aneren Aussoe komm ze sinn, fir aus der Affaire erauszekommen, an ze spéit aus der SREL-Enquêtekommissioun demissionéiert ze hunn.

RTL

Dono huet de Serge Urbany fir déi Lénk eng Partie kloer Froe gestallt, déi nach net beäntwert wieren. Hie wollt virun allem Äntwerte vun der Justiz iwwert d'Suitte vun der SREL-Affaire.

Wat d'Causa Bettel-Kemmer ugeet, huet hien de Wilhelm Busch zitéiert:

Immer wenn Gras über eine Sache gewachsen ist, kommt ein Kamel und frisst es wieder ab.

Dat war natierlech op d'CSV-ADR-Oppositioun gemënzt an huet der Majoritéit gefall.

RTL

De PremierXavier Bettel sot a senger Interventioun, dem André Kemmer während der privater Renconter bei sech doheem ëmmer erëm gesot ze hunn, datt net seng Stuff d'Plaz ass fir Depositiounen ze maachen, mä d'Chamber.

De Xavier Bettel sot och, datt et him mat e bësse Recul géif Leed dinn, datt hien net déi ganz Kommissioun iwwert d'Ursaach vu senger Demissioun - also iwwer dat Gespréich mam Ex-Geheimdéngschtmann - an d'Bild gesat huet.

Hien hätt awer eenzeg an eleng am Interessi vum Rechtsstaat gehandelt.

De Justizminister Felix Braz huet dono d'Wuert ergraff an erkläert, datt ee politesch Froe verstoe géif, ma aus juristescher Vue kéint een net op alles äntweren.

De Justizminister konnt also näischt iwwer d'Instruktioun vun de ville klenge SREL-Affairë soen: De Secret d'instruction géif am Wee stoen.

RTL

Dono huet den Eugène Berger vun der DP erkläert, datt den haitege Premier alles richteg gemaach hätt an datt d'CSV elo op den André Kemmer eragefall wier. Den Eugène Berger huet nach eng Kéier drop higewisen, datt den André Kemmer wuel kee credibelen Zeie fir iergendeppes ass.

De faméise Saz aus dem Gespréich Bettel-Kemmer "Et geet net méi mam Juncker" explizéiert den Eugène Berger dann awer mat engem Zitat vun deemselwechten André Kemmer ... wéi deen en Treffe mam deemolege Premier Jean-Claude Juncker beschreift. D'DP hätt deem ni Glawe geschenkt an elo géif ausgerechent d'CSV deem André Kemmer gleewen ...

AUDIO: Den Eugène Berger

Den Eugène Berger hat virdrun nach gesot, eng Instruktioun an der Affaire SREL wier elo zou an dowéinst wieren elo Dossieren ënnerwee, aus deene kéint zitéiert ginn.

RTL

Fir d'LSAP, déi jo virun den Neiwahlen an no den Neiwahlen an der Regierung war, huet den Alex Bodry geschwat. Hien huet betount, datt d'Renconter Bettel-Kemmer un der Aarbecht vun der Komissioun kee Iota geännert huet. A wier den deemolegen Oppositiounspolitiker net haut Premier, wier dat wuel ni en Thema ginn.

Den Alex Bodry vun der LSAP huet och nach bedauert, datt d'Justiz esou lues schaffe géif.

RTL

D'Viviane Loschetter sot fir Déi Gréng, et géif iwwerhaapt keng Affaire Bettel-Kemmer ginn, dat wier Demagogie. Den deemolegen Deputéierten an haitege Premier hätt sollen de Käpp vun der Enquêtekommissioun Bescheed soen, doraus kéint een awer elo keng Affaire maachen.

RTL

De Gast Gibéryen vun der ADR huet betount, de Xavier Bettel hätt probéiert, eng Onwourecht duerch eng aner ze ersetzen, dofir wier seng Glafwierdegkeet engagéiert.

Den ADR-Deputéierte sot och, am Ausland wier de Staatsminister ewell zeréckgetrueden, dat wier staatsmännesch gewiescht, ma hei am Land wier dat net Usus a bei der aktueller Koalitioun scho guer net, well da kéim et zu Neiwahlen a da bléife vun der Majoritéit net méi vill Leit iwwreg, well elo wieren der 18 an der Regierung an 32 an der Chamber an no de Wahle wieren et der wuel nach just 25 oder 26 ... Dofir géif hei net déi néideg Konsequenz gezu ginn.

De Gast Gibéryen war awer eng hallef Minutt ze laang a senger Interventioun a gouf och dorop opmierksam gemaach.

Reaktioun Gibéryen: "Den Alex Bodry war och ze laang, awer ouni eppes ze soen."

Reaktioun Bodry: De Gast Gibéryen wier och 7 Méint an der Enquêtekommissioun gewiescht, et géif een et no senger Interventioun net fir méiglech halen.

RTL

Dono huet de Serge Urbany nach eemol op seng Froen insistéiert an de Claude Wiseler huet fir d'CSV nach eemol betount, et géife vill oppe Froe bleiwen.

De Xavier Bettel huet dorops gemengt, hie wéilt net, datt eng oppe Fro bleiwe géif. Hien ass nach eemol op e puer Punkten agaangen an huet betount, zum Rechtsstaat ze stoen.

De Justizminister ass ofschléissend nach eemol drop agaangen, virun allem op d'Froe vum Serge Urbany, datt een net elo einfach net alles soe kéint, ma datt hie sech géif dofir asetzen, datt no den Enquêten méiglechst alles opgekläert géif ginn.

Den Urbany huet awer net labber gelooss, de Minister dierft sech net just virun d'Justiz stellen, ma misst och kucken, datt d'Saache géinge virugoen. Doropshin huet de Justizminister gesot, datt seng Vue op d'Justice eng aner wier wéi déi vum Serge Urbany wier, dat wier spéitstens elo kloer ...

Un de Gast Gibéryen geriicht huet de Felix Braz awer och nach betount, datt een zwar politesch all Fro stellen dierf, ma datt een awer och misst oppassen, wéi wäit ee geet a wéi wäit ee géint eng Persoun geet. Esou hätt de Gast Gibéryen dem Premier Lige virgeworf wéinst engem Datum an engem Interview, ma elo an der Chamber hätt en de Begrëff Ligen evitéiert. Wann eppes Illegales geschitt wier, da misst een dat noweisen, ouni engem wéinst enger Datumsfro an engem Interview direkt eng Absicht ze ënnerstellen.

RTL

Ganz um Schluss ass de Minister Etienne Schneider nach op eng SMS agaangen, déi hien dem André Kemmer geschéckt soll hunn. Hien huet erkläert, datt hien dem André Kemmer säi Patron ass. Well deen hätt als detachéierte Polizist am Wirtschaftsministère geschafft a wier elo zeréck bei der Police - ma well e suspendéiert wier, dierft en net schaffen, géif awer weider bezuelt ginn ...

... a bei enger Informatiounsversammlung zu Sandweiler wier eng Persoun op de Minister duerkomm, fir ze froen, wéini deen aarmen Här Kemmer dann nees schaffen dierft. Doropshin hätt hien nogefrot, wou d'Enquête dru wier - well hien ebe säi Patron wier.