Mir waarden a mir wëssen näischt. Dat soen déi potentiell futur Ugekloten an der Bommeleeër-Affaire.

Dat sinn also all déi fréier Gendarmen, géint déi enquêtéiert gëtt, well se sech am Prozess a Widderspréch verwéckelt haten. E Prozess, deen dëser Deeg zanter genee zwee Joer ausgesat ass.

Et si 5 ganz héich fréier Gendarmen – also den Aloyse Harpes, de Charel Bourg, de Pierre Reuland, den Armand Schockweiler, de Guy Stebens – géint déi d'Police judiciaire nach ëmmer enquêtéiert. An et ass nëmmen een derbäi, deen am Grad méi niddreg war, de Marcel Weydert aus der Brigade mobile.

RTL

De Procureur Georges Oswald wëll net soen, wou d'Enquête drun ass: nëmmen esouvill: d'Enquêteurë ginn no a no hir Rapporte beim Juge d'instruction Ernest Nilles of, dee géif dann am Hierscht oder am Wanter decidéieren, wat weider geschéie soll.

Hien, Georges Oswald, bleift bei senge Conclusiounen aus dem Summer 2014 iwwer déi 6 Männer. Do hat hie gesot:

"Datt se wéi den Här Weydert solle beschëllegt ginn, selwer dorunner Deel geholl ze hunn, sief et fir déi aner Leit, dass se Kenntnis dovun haten an déi Strofdoten entweder matorganiséiert, en Connaissance de cause toleréiert oder esou dirigéiert hunn, datt se weiderhi méiglech waren."

An anere Wieder: och zwee Joer nom Prozess-Enn a no Recoupementer an Enquêten ass de Georges Oswald nach ëmmer iwwerzeegt, datt déi 6 Matwësser oder Mattäter sinn, an datt se am Prozess net d'Wouerecht gesot hunn. De Georges Oswald wëll dëser Deeg keen Interview ginn, och déi 5 héich Gendarmen net. Nëmmen dem Marcel Weydert seng Affekotin Claudia Monti huet mat eis geschwat.

De Marcel Weydert hat sech am Januar 2014 am Prozess ganz massiv a Widderspréch verwéckelt. Hie wollt onbedéngt op enger Foto sinn, déi nom Attentat an de Kasematte gemaach gi war. Den Ugeklote Marc Scheer hat de Marcel Weydert gebieden auszesoen, hien, Weydert, wier op där Foto. Am Prozess wollt dunn awer deen aneren Ugeklote Jos Wilmes op der Foto sinn.

Firwat dee ganze Foto-Duerchernee sollt gutt sinn, dat wëssen nëmmen déi dräi fréier Kollegen aus der Brigade mobile. Kloer ass awer, datt de Marcel Weydert op eemol als potentielle Bommeleeër do stoung, deen onbedéngt bei oder an de Kasematte wollt gewiescht sinn an - op d' mannst - steet hien do als Ligener am Prozess.

An dowéinst gëtt géint hien zanter zwee Joer enquêtéiert: "Mir sinn nach ëmmer an der Enquête préliminaire drun, dat heescht mäi Client ass vun der Police gehéiert ginn, et si Perquisitioune gemaach ginn, dat ass den Etat actuel vun der Affaire. En ass 3 mol gehéiert ginn, ob en nach emol gehéiert gëtt musse mer ofwaarden. Bis elo si mer net vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn, dat heescht et ass bis elo nach keng formell Inculpatioun vu mengem Client do.", esou d'Maître Monti.

D'Affekotin seet, hirem Client wier net besonnesch gutt drun, well zwee Joer ouni Decisiounen dat wier eng laang Zäit.

D'Claudia Monti seet, si wier bei de Verhéier vum Marcel Weydert derbäi gewiescht. Déi wiere professionell a roueg verlaf. Sensatiounen oder Aveuen hätt et do net ginn.

"Ech waarden", seet d'Affekotin Claudia Monti an hire Client waart och.

AUDIO: 2 Joer Paus am Bommeleeër-Prozess: Reportage vum Nico Graf