Affär Bommeleeër: Procureur ass net beonrouegt

Datt de Maître Gaston Vogel an der Affär Bommeleeër op Stroossbuerg geet,dat beounrecht de Procureur Robert Biever net.
Dat sot de Procureur de Kollegen vun RTL Radio Lëtzebuerg an engem Interview. De Gaston Vogel argumentéiert jo, d'Enquête Bommeleeër wier zanter 23 Joer am Gaang, domat wier den délai raisonnable depasséiert a seng zwee inculpéiert Clienten missten aus Mënscherechtsgrënn vun der Justiz a Rou gelooss ginn.
De Procureur Biever ass net d'accord, datt den délai raisonnable vis-à-vis vun den zwee ugekloten fréiere Gendarmen depasséiert ass. Wat elo de non-lieu ubelangt, deen de Maître Vogel fir seng zwee Cliente gefrot hat, do seet de Procureur, et wier net un him fir e non-lieu ze froen. De Parquet kéint dee non-lieu guer net froen, well d'Untersuchungsriichterin jo d' Instructioun nach guer net ofgeschloss hätt.