Affär Bommeleeër: No Perquisitioune confirméiert sech, sou de Procureur, datt d'Bommeleeër aus der brigade mobile vun der fréierer Gendarmerie kommen.

Desweideren seet de Robert Biever datt héich Gendarmen dat schonn am Joer 1985 hu misste wëssen. Awer nach ëmmer soen e pur vun hinnen, sie kéinte sech un näischt erënneren - iwwerdeems awer aner Polizisten an och Dokumenter de Verdacht géngt Memberen aus der brigade mobile confirméieren.

An der Affär Bommeleeër huet an de lescht Méint Interrogatoiren a Perquisitioune ginn, a private Réim mee och a Büroen. Dat sot de Procureur Robert Biever de Kollegen vun RTL Radio an Télé Lëtzebuerg an engem Interview.