Um Geriicht ass de Méindegmoien de Prozess Ben Geiben géngt François Colling eng éischte Kéier opgeruff ginn. Et geet em Aussoen am Bommeleeër-Dossier.

De Ben Geiben, de fréiere Chef vun der brigade mobile vun der Gendarmerie, huet jo de fréieren CSV-Fractiounschef François Colling op d'Geriicht geholl. De François Colling hat an der Emissioun DOK-Show op der Télé an och op Radio Lëtzebuerg gesot, de Ben Geiben wier de Verdächtegen Nummer 1 an der Bommeleeër-Affär.

De Ben Geiben seet, dës Behaaptung géng him schueden an hien fuerdert vum François Colling dowéinst 100.000 Euro dommages et intérêts. Déi éischt Verhandlung um Geriicht an der Stad a der Form vun enger citation directe war de Méindegmoien séier eriwwer; den 8. Dezember geet et weider.

D'Riichter envisagéieren, d'Televisiounsbiller ze kucken an d'Radios-Emissiounen ze lauschteren. De Procureur Robert Biever war och an der Verhandlung präsent.