Wou ass d’Affär Bommeleeër drun? An engem Interview mam Telecran preziséiert de Procureur Robert Biever, datt déi 2 Beschëllegt nach net gehéiert goufen.

Déi Fro gëtt sech am neien Telecran vun dëser Woch gestallt. Ee Joer ass et hier, datt de Procureur Robert Biever op enger Pressekonferenz bekannt gemaach hat, datt 2 Polizisten géife beschëllegt ginn. Dono koum nët méi vill no. Op Uerder vun der Untersuchungsriichterin goufe 17 Perquisitiounen gemaach an 20 Persounen als Zeien gehéiert. 2 Beamten schaffen just op der Bommeléer-Affär. Wéi et weider heescht, wir och neit Beweismaterial fonnt ginn. Allerdéngs wier de ganze Puzzle nach nët komplett, sou de Robert Biever. D’Spuer, datt Täter aus de Reien vun der Gendarmerie kommen, hätt sech weider gefestegt. Allerdéngs wier ee mat Persounen confrontéiert, déi nët ganz gespréicheg wiren, sou nach de Procureur.

Déi 2 Beamten déi beschëllegt sinn, goufen bis haut keng eng Kéier gehéiert. Dat géif awer nach geschéien, betount de Robert Biever. Beid Männer gi vum Maître Gaston Vogel vertrueden, den antëscht schonn Plainte beim Geriicht vun de Mënscherechter zu Stroossbuerg gemaach huet.
Well si offiziell net ugeklot sinn, kënnen si sech och nët wieren. Am Gaston Vogel sengen Aan ass den Dossier dermoossen eidel, et géif keen Hauch vu Beweiser géint seng Mandanten, si hätten sech näischt virzegeheien. De Procureur iwwerdeems hätt sech an eng Sackgas eran manövréiert, sou nach Maître Vogel. De ganzen Interview mam Procureur Robert Biever an dem Gaston Vogel kënnt dir am neien Telecran vun deser Woch noliesen.