Affär Bommeleeër: E Prozess géngt déi zwee Inculpéiert aus der brigade mobile vun der Gendarmerie gëtt et, wann déi Affär total opgeklärt ass.

Dat sot de Procureur Robert Biever ee Joer no sénger faméiser Pressekonferenz iwwer déi potentiell Bommeleeër aus der brigade mobile vun der Gendarmerie. Et gëtt awer speziell Problemer, sot de Procureur, well zum Beispill Deeler vum Beweismaterial am Laf vun de Joren bei der police judiciaire verschwonne wieren.

An e anere Problem wier, datt de Geheimdéngscht wuel net alles iwwer séng deemoleg Activitéiten op den Dësch vun der Justiz geluecht huet. D'Behuelen vun eenzelnen héije fréieren Gendarmen wier nach ëmmer e Rätsel.