Bommeleeër: Nächst Ronn Geiben géint Colling den 20. Januar

Bommeleeër: De Ben Geiben huet de François Colling op Schuedenersaz verklot. Wéinst Diffamatioun. Den 20. Januar gëtt decidéiert, wéi et weidergeet.

François Colling
D'Aussoe vum fréieren CSV-Fraktiounschef François Colling am Dossier Bommeleeër haten ugangs Abrëll dëst Joer fir esou munch Oppreegung gesuergt. Op RTL Radio an Télé hat de François Colling ënnert anerem behapt, de Ben Geiben - de fréiere Chef vun der Brigade mobile - wier ee vun den Haaptverdächtegen an der Bommeleeër-Affaire.
Déi Ausso war beim Ben Geiben guer net gutt ukomm - iwwert eng „citation directe" hat de fréiere Gendarme de François Colling ugesicht an 100.000 Euro Schuedenersatz verlaangt.
Enn September war eng éischt Sëtzung vun deem Prozess; an der Tëschenzäit wollten d'Riichter d'Televisiounsbiller kucken an d'Radiosémissioun lauschteren.
D'Form am Mëttelpunkt
Um Geriicht an der Stad ass de Méindegmoien iwwert déi Klo vum Ben Geiben debattéiert ginn. Dobäi ass et awer reng ëm d'Form vun der Affaire gaangen.
Den Affekot vum François Colling, de Pol Urbany, war der Meenung, dass een nach net iwwert d'Klo vum fréiere Chef vun der Brigade mobile tranchéiere kéint. Et misst een ofwaarden, bis d'Instruktioun an der Bommeleeër-Affaire ofgeschloss wier - réischt dono kéint een eng Décisioun huelen.
Do dernieft - subsidiaresch, wéi et am Jargon heescht - huet den Affekot nach op eng aner Optioun fir d'Riichter verwisen. Déi géif doranner bestoen, dass si sech de ganzen Dossier „Bommeleeër" komme loossen an dann eng Analyse vun de Reproche maachen. A senger Argumentatioun huet de Maitre Urbany virop op den Artikel 443 vum Code pénal verwisen.
Den Affekot vum Ben Geiben war iwwerdeems anerer Meenung. De Marc Baden huet ënnert anerem drop higewisen, dass säi Mandant net an der Bommeleeër-Affaire beschëllgt wier. Hie wier just als „Zeie" gehéiert ginn. Et géif deemno kee Problem, fir iwwert déi - Zitat - "iwwerhieflech Remarque vum Här Colling" ze tranchéieren.
De Maitre Baden sot awer och, dass de François Colling eng Partie déplacéiert Aussoen gemaach hätt, déi net a Relatioun mat der Bommeleeër-Affaire stinn. Soulang dës Aussoen am Raum géife stoe gelooss ginn, géif sengem Client geschuet.
Ob a wéi et elo weider geet, décidéiert sech den 20. Januar 2009.