Affär Bommeleeër: Um Geriicht an der Stad decidéiert sech um Dënschden, ob a wéi et mam Dossier Ben Geiben géint François Colling virugeet.

De fréieren CSV-Fraktiounschef hat jo zejoert op RTL Radio an Telé Lëtzebuerg behaapt, den Ex-Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie wär ee vun den Haaptverdächtegen an der Bommeleeër-Affär.
De Ben Geiben hat de François Colling doropshinn iwwert eng"Citation directe" ugesicht an 100.000€ Schuedenersatz gefuerdert.
Virun engem décke Mount hat den Affekot vum François Colling um Geriicht gemengt, datt ee misst ofwaarden, bis d'Instructioun an der Bommeleeër-Affär ofgeschloss wär, an een eréischt dono eng Decisioun kéint huelen; den Affekot vum Ben Geiben war fir säin Deel der Meenung, datt säi Client net an der Bommeleeër-Affär beschëllegt a just als Zeie gehéiert gi wär.