An der Affär Bommeleeër wëllen déi liberal Deputéiert Claude Meisch a Xavier Bettel, datt de Justizminsiter an d'juristesch Chamber-Commissioun kënnt.

De Justizminister sollt do d'Deputéiert driwwer informéieren, wat gemaach gëtt, fir "d'Dysfonctionnementer an de forces de l'ordre opzeklären".

An der Sach geet et ëm dat, wat de Procureur Robert Biever an der Emissioun Kloertext de leschte Sonndeg op RTL Télé Lëtzebuerg sot, nämlech, datt zwee Drëttel vun de Beweis-Stécker vun der Affär Bommeleeër am Laf vun de Joere bei der Police judiciaire verschwonne sinn.

D'Beweis-Stécker, déi net méi do sinn, dat si Spréngstoff-Spueren, Mécanismen vun de Bommen an Objeten, déi dernierft loungen - alles Saachen, déi elo net méi kënne mat moderne kriminalistesche Methoden analyséiert ginn.

De Robert Biever sot, vun den 125 Beweis-Stécker wiren der 88 fort komm, ouni datt ee kéint explizéieren wéi.

Dat wier méi wéi irritant an et géing hien nervös man.