Bommeleeër: Luc Frieden an d'Chamberkommissioun geruff ginn

No den Aussoe vum Procureur huet d'Politik séier reagéiert: De Justiz- a Police-Minister Luc Frieden ass an déi juristesch Chamberkommissioun geruff ginn.
An der Affair Bommeleeër sinn 2/3 vun de Beweis-Stécker verschwonnen. Dat hat jo de Procureur Robert Biever e Sonndeg an der Emissioun Kloertext bei eise Kollege vun der Télé gesot. De Luc Frieden hat de Procureur Robert Biever gebiede mat him bei d'Deputéierten ze goen.
D'Deputéiert aus der juristescher Chamber-Commissioun hunn herno vu Schlammassel a vun engem Skandal geschwat. Et war weider gewuer ze ginn, datt ënner anerem Beweis-Stécker fort komm si vun den Attentater zu Hollerech an zu Asselscheier, dat heescht vum Attentat op d'Gas-Réier a vun der Spreng-Fall.
Dat waren zwee vun de brutalsten Attentater, déi nëmmen duerch puren Zoufall keng schlëmmst Suiten haten.