Affär Bommeleeër: Wéi eng Roll spillt de Marc Zovilé?

Affär Bommeleeër: E weidere fréiere Gendarme kënnt an d'Labrenten. Et geet ëm de Marc Zovilé, aktuelle Chef vun der Inspection Générale de la Police (IGP).
De Marc Zovilé soll de Bommeleeër-Tatort um Geriicht net uerdentlech ofgeséchert hunn. An de Procureur Robert Biever refuséiert kategoresch, datt d'IGP enquêtéiert wéint de ville Beweiser, déi am Dossier Bommeleeër verschwonne sinn ...

De Marc Zovilé ass zanter Januar 2006 de Chef vun der Police vun der Police, vun der IGP, der Inspection Générale de la Police, also. An déi IGP war een Ament laang am Gespréich, fir ze enquêtéieren, wéini, wou a firwat déi vill Beweiser vun der Affär Bommeleeër da verschwonne sinn.
De Procureur Robert Biever wiert sech an engem Bréif - deen RTL virläit - un de Procureur Général Jean-Pierre Klopp vehement géint d'Iddi, datt d'IGP do sollt drop schaffen.
Hei en Extrait aus dem Bréif:
(...) A ce jour il n'a pas été possible de déterminer le moment exact de la disparition des pièces en question, ni les circonstances précises de cette disparition.
Il ne saurait y avoir d'enquête de l'Inspection Générale de la Police en ce qui concerne la disparition des pièces visées ceci pour des raisons tirées du secret d'instruction. Madame le juge d'instruction et moi-même nous nous opposons à toute enquête de l'Inspection Générale de la Police dans cette affaire.
Si Monsieur le Ministre de la Justice souhaite des explications de ma part en ce qui concerne la phrase qui procède, je suis à son entière disposition pour lui fournir de vive voix.
Eng "Auto-Kontroll" verhënneren
Dat si scharf Téin, déi do ugeschloe ginn. Et versteet ee se besser, wann ee weess, datt de Marc Zovilé am Joer 2001 zum Beispill nach Chef vun der Police judiciaire war, also eben zu där Zäit Chef vun där Institutioun, wou d'Beweisstécker fort komm sinn. De Marc Zovilé misst also "in eigener Sache" enquêtéieren, eppes Onméigleches.
Et kënnt awer nach derbei, datt de Marc Zovilé am Joer 1985 - nom Ben Geiben - jonke Kommandant vun der Gendamerie an der Stad war. Hie war dacks op den Tatorte vun de Bommenattentater ze gesinn, huet do och Interviewe ginn an op d'mannst eng Kéier soll hien responsabel derfir sinn, datt d'Spueren op engem Tatort "contaminéiert", also verknascht oder verwëscht, gi sinn.
An der RTL-Emissioun "Kloertext" op der Télé hat dee fréiere Gendarme Jean-Claude Berscheid gesot, datt no der Explosioun am Geriicht vill net tatortberechtegt Leit vun engem Offizéier op den Tatort gelooss goufen. "An da kann een dono näischt méi maachen."
Eng Ausso vum Jean-Claude Berscheid am "Kloertext" op RTL Télé Lëtzebuerg:
Konkret: Journaliste war sur place virun der Spueresécherung ...
Keen Abléck fir d'IGP - aus guddem Grond
An der Tëschenzäit ass RTL gewuer ginn, wien dee responsablen Offizéier um Geriicht war: Keen anere wéi de Marc Zovilé, dee sech als Gendarme also opfälleg dernieft beholl huet.
Dem Marc Zovilé säin Adjoint bei der IGP ass haut iwwregens den Armand Schockweiler, deen ënnert dem Aloyse Harpes Chef vun der Sûreté war an deen en FBI-Rapport iwwer d'Affär Bommeleeër an engem Tirang soll "leie" geloss hunn.
Zech gutt Grënn also, datt de Procureur Robert Biever verhënnere wëll, datt de Marc Zovilé a seng IGP haut Ableck kréien an den Dossier Bommeleeër ...