Dysfonktionnementer am Bommeleeërdossier: Den Justizminister seet, hien hätt keen Abléck an de penale Dossier fir déi nei Behaaptungen ze kontrolléieren.

Äntwert vum Justizminister Luc Frieden op eng parlamentaresch Fro vum DP-Députéierten Xavier Bettel a Saachen Disfonctionnement iwwert d'Enquête a Spueresécherung am Bommeleeërdossier. Den Députéierten wollt virun allem Opklärung iwwert déi Aussoen vun engem fréieren Enquêteur am Bommendossier wëssen, deen am Kloertext op RTL Télé Letzebuerg gesot hat en Offizéier vun der Gendarmerie hätt géint d'Untersuchungsprozeduren verstouss andeems Indizien an Spueren zerstéiert gi wieren.

Den Här Bettel wollt wëssen op disziplinaresch Moossnamen géint den Offizéier an d'Wee geleet gi wieren an wéi den Minister sech erklärt, dass de Procureur sech géint all Amëschung vun der IGP an d'enquête wiert.

A senger knapper Äntwert betount de Minister op en neits dass hien an de Joeren '85 an '86 net Member vun der Regierung war a wann virun 24 Joer Infraktiounen gemaach gi sinn eleng d'Justiz dierft Enquête maachen.

Den Justizminister hätt keen Abléck an de penale Dossier fir die Behaaptungen ze kontrolléieren. A wéi de Procureur virun der juristescher Chambercommissioun betount hätt dierfte weder d'Chamber nach de Minister, nach d'IGP eng Untersuchung féieren an där de Parquet an d'Untersuchungsriichter befaasst sinn.