Robert Biever: D'Affär Bommeleeër ass sou gutt wéi opgekläert, den Täterkrees ass bekannt, et ass et awer schwéier den Eenzelnen hier genee Dot ze beweisen

De Procureur Robert Biever ass weider optimistesch, datt d'Affär Bommeleeër ganz opgeklärt gëtt. Méi nach: am Fong wier sie schonn opgeklärt, wat déi generell Orientatioun vum Täterkrees ubelangt. Déi kéimen aus der fréierer Gendarmerie. Et giff awer Problemer ginn mat der sougenannter Imputabilitéit, d.h. et wier komplizéiert jidfer eenzelnen Täter prezis fir bestëmmten Actiounen responsabel ze man.

E Prozess géint d'Bommeleeër kéint e puer Méint no der Vakanz ufänken. En attendant giffen d'Enquêteuren awer weiderschaffen an et kéint nach Iwwerraschunge ginn, och Iwwerraschungen, déi de Prozess weider no hanne réckelen.