Affär Bommeleeër: 2 héich Beamten hunn ënner Eed ausgesot

Am Dossier Bommeleeër hunn elo zwee héich fréier Responsabel aus de "forces de l’ordre" ënner Eed bei der Untersuchungsriichterin Doris Woltz ausgesot.
Et handelt sech ëm den Armand Schockweiler, haut an der Inspection générale de la police a fréier Chef vun der Sûreté, an ëm de fréiere Geheimdéngscht-Chef, Charel Hoffmann.
Wien ënner Eed ausset, muss d' ganz Wouerecht iwwer eng Affair soen, soss kann hien wéint Meineed ugeklot ginn; dat gëllt och fir de Fall, wou ee Vereedegten einfach wichteg Sachen net ernimmt hätt ...
Den Armand Schockweiler war 1985 grad 30 Joer al an um Pabeier Chef vun der Sûreté, also Chef vun den Enquêteuren, déi d'Bommeleeër-Affär opkläre sollten. Et ass awer bekannt, datt de Colonel Harpes deemols all d'Fiedem gezunn huet.
De Charel Hoffmann ass méi en onbekannte Personage. Säi Service de renseignement huet am Fong nach an der Traditioun vum Kale Krich geschafft an de Procureur Robert Biever huet him attestéiert, nach haut wier hien a sengen Aussoen iwwer d'Bommeleeër an der Haaptsaach geheim, a soss näischt.
Datt dës zwee Männer elo ënner Eed ausgesot hunn, dat ass scho wichteg, explizéiert de Maître Pol Urbany: Och e Chef vum Service de Renseignement muss soen, wat hien weess.
Et muss een alles soen wat een iwwer eng Affär weess, dat heescht: stënterlech Amnesien kënnen zwar virkommen, mee et kann een een als Zeien wéint Meineed ugeklot ginn, wann een nogewise kritt, datt een express Saache vergiess huet.
Dat ka séier goen, Absenz dann, wann an de Ministèren, an de Verwaltungen a beim Geheimdéngscht Perquisitioune waren, wou Schréftstëcker a Saache fonnt gi sinn, mat deene sech beweise léist, wat wien wéini wosst. An de leschte Woche waren iwwregens weider Perquisitiounen.
Bis viru kurzem waren d'Enquêteuren onzefridden, mat deem wat se vum Armand Schockweiler a vum Charel Hoffmann iwwer d'Bommeleeër gewuer gi sinn. Vläit huet sech dat elo op déi eng oder aner Manéier geännert.
Reaktioun
De François Bausch, de President vun der Geheimdéngscht-Kontroll-Kommissioun aus der Chamber, huet och op déi nei Informatioune reagéiert; sollt sech erausstellen, datt de fréiere Geheimdéngscht-Chef eventuell net richteg mat der Justiz cooperéiert, da misst och d' Kontroll-Commissioun dee Mann nach eng Kéier héieren.