Procureur Biever: D'Bommeleeër-Enquête ass gutt weiderkomm

Bommeleeër: An der Titelgeschicht vun der "Revue" seet de Procureur Robert Biever, dass d'Enquête zënter November 2007 gutt weiderkomm ass.
Hie wollt net op den Titel, steet an enger Fouss-Note, mee do ass en elo awer: De Procureur Robert Biever vir op der Revue. De Sujet vum Interview an der Revue ass - wéi kéint et anescht sinn - d’ Affär Bommeleeër.
Op déi präzis Froe vun de Revue-journalisten, "Här Procureur, sidd Dir zanter dem Januar 2008 op wichtege Punkten an der Enquête weiderkomm?", op déi Fro äntwert de Robert Biever mat dem Saz: "Op ganz wichtege Punkten, Jo." Zur Erënnerung: Am November 2007 waren zwee fréier Gendarmen aus der Brigade mobile als Inculpéiert verhéiert ginn. An zanterhir ass d’Enquête also gutt weiderkomm, interessant. Wéi och déi aner Äntwert vum Procureur, wou hien iwwer déi zwee Inculpéiert seet: D'Fakten am Dossier, déi wieren esou, datt déi zwee hätte missen inculpéiert ginn; absenz no hiren eegenen Aussoen hätt een déi zwee net méi nëmmen als Zeie kënne consideréieren.
De Procureur bleift an der Revue fir de Rescht bei sengen Explicatiounen, déi hien zanter enger Zäit gëtt, à savoir, datt d’ BL aus der Brigade mobile vun der Gendarmerie komm sinn, datt et schwéier wier deenen Eenzelnen konkret eppes ze beweisen an datt hir deemoleg Cheffen net alles soen, wat se wëssen. An da nach dat hei: Déi zwee suspendéiert Polizisten gi geschwënn erem vun der Untersuchungsriichterin gehéiert.
Eng Untersuchungsriichterin, déi jo och den héije Polizist Armand Schockweiler an de Chef vum Geheimdéngscht Charel Hoffmann ënner Eed gehéiert huet. Eis Informatioun doriwwer confirméiert de Robert Biever also an hien hofft an enger Niewebemierkung, datt héich Responsabel aus de Forces de l’ordre hir Responsabilitéit eescht huelen an d’Wouerecht soen, wann se gehéiert ginn.