Bommeleeër: Bal genee 2 Joer no hirem 1. Verhéier als Inculpéiert sinn e Mëttwoch déi 2 Ex-Gendarmen aus der Brigade mobile gehéiert ginn. Ouni Resultat.

Et ware Verhéier, déi deen Numm net verdéngt hunn, well se hate knapps ugefaang, du waren se eriwwer, seet den Inculpéierten hiren Affekot, de Maître Gaston Vogel. Et hätt 2 Minutten fir deen Een, wéi fir deen Anere gedauert. Et wier einfach déi lescht 2 Joer näischt an deem Dossier bäikomm.

D’Imputatibilitéit – dat schéngt an dëser Affär juristesch elo wirklech dee Problem ze ginn. De Maître Vogel interpretéiert d’Wuert esou, dat hei misst gesot ginn, wien Hannermann vun all deene Saachen ass.

Seng Clienten, seet de Maître Vogel weider, kruten zwar Froe gestallt, mee et hätt keng Ursaach ginn, irgendwéi dorop ze äntweren.

De Procureur Robert Biever sot an der Lescht, et wieren interessant Punkten an den Dossier derbäi komm. Dat wier wouer, sou de Maître Vogel, awer net vis-àvis vun sengen 2 Clienten.

De Gaston Vogel sot am RTL-Interview och, den Dossier Bommeleeër wier en enorme Justiz-Skandal, quitte datt de Procureur Biever an d’Untersuchungsriichterin Doris Woltz gutt schaffe géingen.

Den integralen Interview mat dem Maître Gaston Vogel ass de Freidegowend an engem "Top Thema" op RTL Télé Lëtzebuerg gewise ginn.