Affär Bommeleeër: Et ass vill geschitt an de leschten 2 Joer

Affär Bommeleeër / Robert Biever: De Problem bleift, den eenzelnen Täter prezis ze beweisen, wien winni wat gemat huet.
[rating]Um Mëttwoch 25. November virun zwee Joer – et war e Sonndeg - sutzen se zesummen am Geriicht: ganzech vill Journalisten an de Procureur Robert Biever, dee seng faméis Pressekonferenz gehalen huet. Wou hien am Prinzip sot, datt d’ Bommeleeër aus der Brigade mobile vun der Gendarmerie komm sinn.
Wéi ass et weidergaang zanter dem 25. November 2007?
An de leschten zwee Joer ass am Dossier Bommeleeër méi geschitt wéi an den 22 Joer virdrun: zwee fréier Gendarmen aus der brigade mobile als inculpéiert verhéiert, de verstuerwene Sprengmeeschter vun deeër brigade schwéier verdächteg, zwee héckst Polizisten vun hire Fonktiounen entbonnen, weider Auditioune vun Zeien a Perquisitiounen an déi ëmmer méi staark Impressioun, datt an de forces de l’ordre – Police a Geheimdéngscht - déi héich Beamten vill méi wossten a wësse wéi se soen.
An da war et an der Emissioun Kloertext op der Telé de Statement vum Procureur, datt wichteg Beweisstéecker verschwonne sinn.
D’ juristesch Chamber-Commissioun huet de Procureur dun invitéiert fir méi gewuer ze ginn; den Deputéierten Xavier Bettel war herno entsat. Vun zwee Attentater – vun der Gasexplosioun zu Hollerech a vum booby-trap zu Blaschent - sinn also d’Beweisstécker bal all fort komm.
Zwee Joer no hirem éischte Verhéier sinn déi lescht Woch dun déi zwee inculpéiert fréier Gendarmen nach eng kéier verhéiert ginn. Et woren, seet hiren Affekot Gaston Vogel, méi kuerz Gespréicher.
Ënnert dem Stréch, seet de Procureur Biever neierdéngs, wier d’Affär wuel opgekläert. Mee ee problem bleift: den eenzelnen Täter prezis ze beweisen, wien winni wat gemat huet, dat ass wuel schwéier.