Bommeleeër: Een Zeie kann ee Verdächtegen identifizéieren

Neies am Dossier Bommeleeër: En Zeien, dee schon virun enger Zäit mat den RTL-Reporter geschwat hat, huet sech elo nach eng Kéier gemellt ...
... a gesot, hien hätt e verdächtege Mann erëmbegéint, deen hien a seng Fra viru 24 Joer kuerz virum Attentat um Findel gesinn haten.
Pour rappel: De Schued un de Fluchsécherungs-Installatiounen um Findel war enorm: 95 Millioune Frang a mat enger Sprengfal war en Ingenieur op der Platz schwéier un der Hand blesséiert ginn ...
Eng Beobachtung an ee Verdacht
D'Geschicht vum Bob Schommer a senger Fra Edda mat dem verdächtege Mann um Findel fänkt een Dag virum Attentat un. Si huele Stréi an um Findel a gesinn do e jonke Mann ... ee ganz distinguéierte Kärel tësche 24 an 30 Joer ongeféier ... ee renge, sportleche Mann ... mat enger Jeep.
Den 9. November 1985 si schon iwwer eng Dosen Attentater geschitt; D'Leit am Land si sensibiliséiert an d'Koppel Schommer ass iwwerzeegt, e Bommeleeër gesinn ze hunn.
Mee mat hiren Observatioune packen si et net bei d'Enquêteuren. Ee muss hëllefen, e Journalist, de Josy Lorent aus dem "Wort", deen huet e Kënnege bei der Police a mat him komme si bei d'Sûreté op de Verluerekascht.
Kee richtegen Interessi
Mee déi wier net immens interesséiert gewiescht, erënnert sech de Josy Lorent. Mat Ach und Krach wier et awer duergaang, e Phantombild ze maachen. Mee dat hätt de Bob Schommer ganz duerchernee gemaach ...
De Portrait-robot, dee schif gaang ass, beschäftegt de Bob Schommer och nach Joeren duerno an hie probéiert, och privat emol e Portrait ze man. Méi wichteg awer, de Bob Schommer a seng Fra hunn de verdächtege jonke Mann duerno nach e puer Mol gesinn ... op enger Tankstell.
An op Nofro confirméiert de Bob Schommer seng Observatioun:
Am Resümee also: De Bob Schommer gesäit viru 24 Joer e jonke Mann, deen hien nach Joeren duerno erëmgesäit, méi nach: erëmerkennt. Mat engem bloe VW-Van op enger Tankstell beim Findel.