CIA Feb. 1986: Bommeleeër vu Militär oder Police trainéiert
Am Dossier Bommeleeër ass e bis ewell net bekannte Rapport vum amerikaneschen Geheimdéngscht CIA opgedaucht. Deen eis virleit.
D'CIA beschreift schonn ugangs Februar 1986 d'Bommeleeër als duerchtrainéiert Insider aus de Forces de l'ordre.

D'CIA ass jo den amerikaneschen Auslandgeheimdéngscht a genee ëm d'Ausland geet et an dësem Rapport. Deen ass eng 30 Säite laang, ass iwwerschriwwen Terrorism Review mat dem Datum 10. Februar 1986 - deen Datum ass wichteg - a beschreift den Terrorissem uechtert d'Welt, Italien, Belsch, Däitschland, Libanon, Peru etc. a matzen dran 3 Säiten iwwerschriwwe mat Terrorism comes to Luxembourg . De Rapport ass gebotzt, an dësem Fall net geschwäerzt mee gewäisselt, d.h. d'Nimm vun Auteuren an Informanten si geläscht. De Rapport kann zanter kuerzem um Internet gelies ginn. De Procureur Georges Oswald huet de Rapport während dem Bommeleeër-Prozess nach net kannt, entretemps hunn d'Enquêteuren en awer offensichtlech och kritt. Et hätt een dee Rapport elo am Kader vun der Instruktioun. Mee deemools, wou een nach an der Sëtzung war, louch dee Rapport net am Dossier. D'Enquêteure wieren duerno drop gestouss. De Procureur selwer gouf et réischt dëser Deeg gewuer.

© RTL Lëtzebuerg
An deem Rapport bréngt d'CIA eng Lëscht vun den Attentater - vum éischte Pylône Enn Abrëll '85 bis bei d'Bomm um Kierchbierger Sommet den 2. Dezember. A vu datt de Rapport op den 10. Februar datéiert ass, feelen déi zwou lescht Bommen, also déi op d'Haus Hellinckx an déi beim Colonel Wagner. An d' CIA stellt natierlech déi kruzial Fro, wien sinn d'Bommeleeër , wien sinn déi Borschten?
PDF: Kapitel "Terrorisme Comes to Luxembourg" aus der "Terrorism Review" vum Februar 1986.
D'CIA schreift, datt schonn ugangs 1986 déi Lëtzebuerger Autoritéiten gleewen, datt d'Täter der vun hei sinn an datt et der méi sinn, déi vläicht a verschiddene Gruppen operéieren. An d'CIA zitt eng ganz konkret Conclusioun, nämlech déi datt d'Täter beim Militär oder an der Police geléiert hunn, Bomme ze bastelen, se gutt ze placéieren an ouni Feeler explodéieren ze loossen.
PDF: Link op d'Dokument am virtuelle Liesraum vun der Online-Bibliothéik vum CIA.
D'Bommeleeër wieren also Insider aus de Forces de l'ordre. Denke se bei der CIA scho während der Bomme-Serie.
Fir d'Enquêteuren an de Juge d'instruction bréngt de CIA-Rapport vill Aarbecht. Et misst gekuckt ginn, wéi déi Donnéeën iwwerhaapt kënnen an deem Rapport stoen. Den Untersuchungsriichter gouf vum Procureur gefrot, fir déi Iwwerpréiwungen ze maachen.
Kéipweis Froen also, un d'CIA an och, an iwwerhaapt, un hir Kontaktpersounen hei am Land.