Wien huet d'CIA informéiert?

© RTL Télé Lëtzebuerg
D'CIA huet geheim Informatiounen iwwer de Bommeleeër publizéiert. Ma wéi koume si un all déi Detailer?
D'CIA wousst villes iwwer d'Bommeleeër aus dem Joer 1985. Dat weist hire verschwonnene Rapport aus dem Februar 1986, dee mir bei RTL public gemaach hunn. An an engems stelle sech no der Lecture vun deem Rapport e Koup Froen.
Gebongt, gebongt, herno ass een ëmmer méi schlau. Entretemps, no zech Analysen, Zeienaussoen, Requisitoiren, a nom Prozess, ass et e Secret de Polichinelle, datt d'Bommeleeër duerchtrainéiert Lëtzebuerger waren, déi ganz enk Lien hu misse gehat hunn mat der Gendarmerie.
Ugangs Februar 1986 waren dat awer onerhéiert Iddien, an d'CIA hat déi geschlussfolgert. An et freet ee sech, wien huet d'CIA informéiert? Wien huet der CIA Detailer aus den Enquêten-Dossiers ginn, well déi Detailer haten se, dat verréit hire Rapport. Et ass also d'Fro, wien de Rapport mat wiem senger Hëllef geschriwwen huet.
An eng weider Fro ass jo dës, wat ass mat dem Rapport geschitt? Huet d'CIA dee bei de Service-Ami op Lëtzebuerg, bei de SREL also, geschéckt a wat ass do dermat geschitt. Fachleit vum Dossier soen engem, de SREL hätt deen Dossier wuel séier séier verstoppt, ze brisant. Alles Froen, déi musse gekläert ginn, seet de Procureur Georges Oswald.
Et muss een och kucken, ass dee Rapport zeréck op Lëtzebuerg komm, deemools 1986 oder méi spéit. Wann Nee, firwat net, wa Jo, wien huet e kritt a wien huet e gegebenfalls net weider ginn un d'Autorité de Poursuite. Dat ass ganz kloer, datt dat alles muss gekuckt ginn.
E weidere ganz interessante Problem ass dee vum Datum. D'CIA datéiert hire Rapport op den 10. Februar a schreift och, bis ewell wiere weder NATO nach USA – Interesse vu Bomme getraff. Dat kéint sech awer änneren, well et wiere jo NATO-Reforger-Manövere geplangt. A wat geschitt? 6 Deeg no der interner Parutioun vum Rapport explodéiert um Cents eng ze soen privat Bomm, déi beim Notaire Hellinckx. Et ass grad, wéi wann d'Bommeleeër de CIA-Rapport gelies gehat hätten an zwar weider gebommt hunn, mä nëmme net géingt d'NATO, mä Robin-Hood-méisseg ouni vill Preparatioun géint e Politiker.
Et ass kloer, datt dat zumindest erstaunlech ass. Datt dee Rapport vun deem Datum ass an dono geschitt nach den Attentat beim Notaire Hellinckx. Wéi dat a Rapport mat dësem Schreiwes vum CIA steet, dat bléift ze klären. Dofir muss ebe gekuckt ginn, um Niveau vun der Instruktioun, net nëmme wien den Auteur ass, mä wat dat ganz Dokument duerstellt. Et si jo och an deem heiten Dokument Partie geschwäerzt ginn [...]
Eng weider Fro ass déi, ob d'CIA an den FBI kooperéiert hunn. Well am Mee 86 kënnt en FBI-Rapport op Lëtzebuerg, deen ähnlech Conclusiounen zitt wéi d'CIA, an och dee Rapport verschwënnt an daucht eréischt 17 Joer duerno erëm op, ee vun de ville Skandaler an dëser Affär.
RTL.lu: Bommeleeër-Affär: CIA Feb. 1986: Bommeleeër vu Militär oder Police trainéiert