Amortissement accéléré & TVA

Wéinst den héijen Zënsen gëtt um Immobiliemarché manner verkaaft. D’Promoteure bleiwen op hiren deiere Projete sëtzen. Fir dat ze änneren, fuerdere verschidden Acteuren, dass d’TVA rëm op 3% erofgesat gëtt an den Amortissement accéléré rëm eropgesat gëtt. De Gilles Hempel gesäit dat méi kritesch. Dozou eng Carte blanche.
Laut dem leschten Sozialpanorama vun der Chambre des Salariés sinn 18,1% vun de Leit hei am Land vun Aarmut bedrot. Bei den Elengerzéiender a bei de Koppele mat méi wéi 2 Kanner sinn et jeeweils iwwer 40%. Och Aarbecht schützt net virun Aarmut. 13% vun de Salariéen an 22% vun de Selbstännege kann een als working poor bezeechnen. Ganz schlëmm betraff, sinn och d’Locatairen. All Drëtten (35%) ass vun Aarmut bedroht. Déi Räich ginn ëmmer méi räich, déi aus der Mëttelschicht rutschen erof, an déi Aarm vereelenden. Eng vun den Haaptursaachen ass d’Situatioun um Immobiliemarché an d’Verdeelung vum Eegentum. Hei huet de Marché mat senger onsiichtbarer Hand kläglech versot. Am Moment ass Stëllstand um Immobiliëmarché. Fir deen erëm unzekuerbelen, gëtt vu verschiddene Säite gefuerdert, dass Mesuren, déi schonn an der Vergaangenheet net funktionéiert hunn an dofir ofgeschaaft goufen, rëm agefouert ginn.
Den Amortissement accéléré rëm eropsetzen an d’TVA erofsetzen, dat bréngt just deene Räichen eppes.
Wie sinn déi Leit, déi an de Steen investéieren? Déi Wunnenge kafen, fir se ze verlounen? Dat sinn déi, déi méi Suen hunn, wéi se brauchen, fir ze liewen. Deene muss ee lo net och nach Steierkaddoe maachen, fir dass se herno deenen aarme Leit een decke Loyer froe kënnen. Duerch esou Mesuren dreiwe mer d’Schéier tëschent Aarm a Räich ëmmer méi weit auserneen. Dat Geld, wat déi Mesure kaschten, ass besser am Logement abordable investéiert.
Dofir ënnerstëtzen ech d’Initiativ vum Ministère du Logement fir Projeten opzekafen, déi d’Promoteure wéinst der aktueller Situatioun net lass ginn. Dat natierlech net zum Wonschpräis vum Promoteur, mee zum Tarif vum Logement abordable. Wann de Fonds du Logement, d’SNHBM an ABITATIO et fäerdeg bréngen zu dem Tarif ze bauen, da muss dat och fir déi méiglech sinn, déi ëmmer behaapten, si kéinten dat besser.