D'Pensiounen dierfen net nach weider gekierzt ginn wéi dat 2012 schonns gemaach gouf. Par contre mussen déi niddreg Pensiounen erhéicht ginn, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.

An enger Carte Blanche muss ee sech jo ëmmer relativ kuerz faassen, glécklecherweis huet een awer e bësse méi ze gutt wéi déi just 500 Caractères op der Plattform schwätzmat iwwert d'Pensioune.
 
Ech kommen trotzdeem direkt op d'Punkt.
 
Nee d'Pensioune sinn net ze héich zu Lëtzebuerg. Am contraire ganz vill Pensioune sinn ze niddreg.
 
Am Régime général gëtt eng keng Pensioune vun 10.000 Euro. Dat weisen d'Zuele vun der Inspektioun vun der Sécurité sociale.
 
Et ginn och bal keng iwwert 8.000 Euro wéi dat mol verbreet gouf. Just 0,1% vun de Pensioune leien iwwert deem Montant.
 
D'Duerchschnëttspensioun ass 3.600 Euro de Mount.
 
Dat ass net vill méi wéi den Duerchschnëttspräis vun engem Zëmmer am Altersheem zu Lëtzebuerg.
 
Mir hunn esouguer 33% vun de Pensiounen, déi ënnert 2.500 Euro leien. Bei de Frae sinn et der souguer 60%!
 
36.000 Persoune kréien eng Mindestrent, a bei wäitem och net alleguer déi voll Mindestrent. Effektiv kréien 10% vun de Rentner eng Pensioun déi manner ass wéi 1.500 Euro. Och hei virun allem Fraen.
 
Wéi wëll een domadder zu Lëtzebuerg liewen?
 
Mee och mat der voller Mindestrent ass et praktesch onméiglech. Si läit netto 21% ënnert dem Aarmutrisiko a 24% ënner dem Budget de référence den ee brauch fir normal zu Lëtzebuerg ze liewen.
 
Do ass et kee Wonner, dass d'Altersaarmut zu Lëtzebuerg klëmmt. Si huet sech an deene leschten 10 Joer verduebelt.
 
Dat kënnt och dohier, dass d'Formel fir d'Renten ze rechnen sech duerch d'Reform vun 2012 Joer fir Joer verschlechtert.
 
Dat bréngt mat sech, dass eng Rent fir di Jonk vun haut déi am Joer 2052 an d'Pensioun ginn, 15% méi niddreg ass wéi déi vun enger Persoun déi 2012 an d'Pensioun gaangen ass. Dat féiert an enger Rent, déi ee wärend 25 Joer kritt zu enger Gesamtperte vun iwwer 200.000 Euro
 
A wann des Regierung och nach den Ajustement ofschaaft an deenen nächste Jore wéi dat am Moment virgesinn ass, da renne mer net an eng Rentemauer mee an eng Well vun Altersaarmut. 
 
Well wann d'Pensiounen, iwwregens och fir déi aktuell Rentner, net méi ajustéiert ginn, ass et evident dass d’Altersaarmut fir nach vill méi Leit eng Realitéit wäert ginn. 
 
Ouni Ajustement géif en Duerchschnëttsrentner, dee seng Rent wärend 25 Joer kritt, nämlech iwwer 100.000 Euro verléieren. 
 
Duerfir muss den Ajustement onbedéngt erhalen an d’Mindestrent eropgesat ginn. Schliisslech hu mer am Moment eng Reserve vun iwwer 26 Milliarden.
 
A wann et eng Kéier net méi duergeet, mussen d'Cotisatiounen erop oder aner Recettë geschaaft ginn.
 
Well eng Gesellschaft gëtt och dorunner gemooss, wéi se hier eeler Leit behandelt.
 
Eng Pensioun, mat där een normal liewe kann, an och sengen Enkele vläicht heiansdo e Kaddo ka maachen, ass do sécherlech de Minimum deen ee sech erwaarde muss.