Eise Pensiounssystem muss dringend méi nohalteg ginn
D'Reform vun eisem Pensiounssystem ass eng wichteg Prioritéit vun der Regierung, well et geet drëms, de Generatiounsvertrag vun dësem System sozialgerecht a laangfristeg ofzesécheren. De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, erkläert a senger Carte Blanche, wéi wichteg et ass, elo ze handele fir ee finanzéierbaren an nohaltege Pensiounsregime fir Lëtzebuerg ze erhalen.
Mir wëssen zanter laangem, dass eise Pensiounssystem – esou wéi en haut funktionéiert – net op Dauer finanzéiert ka ginn. Rezent Zuelen aus dem technesche Bilan vun der Pensiounskeess maachen dat däitlech: vum Joer 2026 u wäert den aktuelle Cotisatiounstaux vu 24%, also 3 Mol 8%, net méi duergoen, fir d'Pensiounsausgaben ze decken.
Dofir gouf am Oktober 2024 eng grouss Consultatioun lancéiert. Och den Think Tank vun der Chambre de Commerce IDEA huet sech Gedanken iwwert dës wichteg Problematik gemaach an d'lescht Woch a Presenz vun der Ministesch vun der Sécurité sociale ganz interessant a pertinent Virschléi virgestallt.
Elo mussen Neel mat Käpp gemaach ginn, fir de System esou unzepassen, dass en och an Zukunft gerecht, flexibel a finanzéierbar bleift. Déi verschidden Theme ginn aktuell an Expertegruppen diskutéiert. D’Diskussioun leeft och an der Chamber a mir erwaarden eis weider Detailer vun der zoustänneger Ministesch am Juni.
D’Zäit drängt jiddefalls. Wa vun 2026 un de System aus dem Gläichgewiicht ass, da geet et just nach biergof, wa keng Géigemoossname geholl ginn. Vun deem Moment u géife mir op d’Reserven zréckgräifen – an déi kéinte schonn no 2040 opgebraucht sinn.
Wéi ass et esou wäit komm ?
Et si dräi grouss Grënn, déi och d’lescht Woch nach eemol vum Think Tank IDEA rappelléiert goufen
- Eise Pensiounssystem ass extrem generéis am Verglach mat anere Länner.
- D’Altersstruktur vum Land verännert sech: Et ginn ëmmer méi Pensionéierten an ëmmer manner Aktiver. 2022 hate mir nach 4,2 Pensionéierter op 10 Cotisanten. 2050 kéinte mir da bei 7,3 Pensionéierter fir 10 schaffend Leit leien.
- Den ekonomesche Wuesstem – deen ëmmer eng Stäip vum System war – ass net méi sou dynamesch wéi fréier. (D’IGSS rechent mat engem duerchschnëttleche Wuesstem vun 2%, mee de Statec gesäit dat éischter méi pessimistesch)
An dësem Kontext hunn d’Vertrieder vun den Employeuren hir Verantwortung am Wirtschafts- a Sozialrot geholl an hu konkret Proposen ausgeschafft, fir d’Pensiounen nohalteg ze sécheren. An och fir sécherzestellen, datt eis Betriber net gebremst ginn duerch méi héich Bäiträg, wou se elo schonn ënner héich Loun- a Produktiounskäschte leiden.
Lëtzebuerg huet d’Kapazitéit, déi richteg Decisiounen ze treffen. Mir mussen et elo maachen. Dat beleet och d'Analys vun Idea. Wa mer kuerzfristeg eng Reform ëmsetzen, an dat mat engem méi staarken Effort an den éischten 5 Joer, da kënne mer an Zukunft abrupt Upassungen – wéi se dacks am Ausland musse geholl ginn - vum Pensiounssystem vermeiden.
Eng ganz wichteg Viraussetzung fir eng Reform esou "harmonieux" an einfach wéi méiglech ëmzesetzen, ass op eng Wuesstemspolitik ze setzen, déi besonnesch op Produktivitéitsgewënner an op méi eng staark Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft den Akzent leet.