Schoulofbriecher

Am Laf vum Schouljoer 2023/2024 hunn 8,2 Prozent vun allen net méi schoulpflichtege Schüler hei zu Lëtzebuerg d’Handduch gehäit an d’Schoul oder d’Léier ofgebrach. A Chifferen heescht dat konkret, dass 1.884 jonk Mënschen hei am Land net wësse wouhinner, net wësse wat maachen. Eng Carte Blanche vum Françoise Hetto, Educatrice graduée a fréier Politikerin.
1.884 jonk Mënschen op ee Coup, déi net méi an d’Schoul ginn a kee Plang B hunn.
Wat leeft schif? Wat huet sech do iwwer Joren accumuléiert an zu dëser Decisioun gefouert?
Ass d’Schoul ze ustrengend, ze schwéier, gëtt ze vill gefuerdert, oder kéint et sinn, dass déi jonk Leit iwwer Jore Perspektiven opgezeechent kruten, déi fir si net realistesch, jo carrement illusoresch waren?
Krute si éierlech gesot, dass zum Beispill eng Uni net wierklech fir jiddereen eng Perspektiv ass?
Goufe si och tatsächlech hire Kompetenzen no orientéiert?
Ginn d’Schüler iwwerhaapt fréi genuch virwëtzeg op déi verschidde Beruffssparte gemaach?
Missten net scho vill éischter, zum Beispill op 7e Workshoppen an Entreprisen ugebuede ginn?
Ginn d’Léierjongen a -Meedercher richteg encadréiert, betreit, motivéiert a belount fir hir gutt Aarbecht?
Vill Jonker hu sech iwwer Joren duerch den Enseignement geschmuggelt, hu kompenséiert, Moduller ausgelooss, krute vu bienveillante Proffen awer eng Genügend, dobäi ware si a ville Fächer iwwerfuerdert, hate keng zolidd Basis, an eigentlech war den Echec virprogramméiert. Et huet just keen hinnen et gesot, an et huet och keen eppes dogéint gemaach.
Fir d’Wëssenslücken opzeschaffen, brauche mir eng landeswäit Offer vun Nohëllefsstonnen a Vakanzenaufgaben iwwer dat ganzt Schouljoer verdeelt.
Fir mannerjäreg Schoulofbriecher ginn och leider déi u sech interessant Méiglechkeete vum zweete Bildungswee net ugebueden, well déi sech exklusiv un Erwuessener riichten. Brécken, fir vum Enseignement classique an en Handwierksberuff eriwwer ze wiesselen, ouni musse ganz vu vir unzefänken. Schued.
Dobäi wier et eng super Pist, den zweete Bildungswee opzemaachen och fir Jonker ab 16 Joer: nei Chance, neit Ëmfeld, nei Kontakter mat motivéierte Mënschen.
Eleng d'Schoulflicht op 18 eropzesetzen, wäert dës Lacune net combléieren.
A wéi wäit kann eis Gesellschaft deem Ganzen entgéintwierken?
Zum Beispill an deem si d’Meenung vertrëtt, dass Schaffe sech lount, dass all Aarbecht soll adequat bezuelt ginn, dass et am Liewen net just ëm Spaass geet, dass Fläiss an Éiergäiz duerchaus positiv Eegenschafte sinn, dass net all akademesche Beruff d’office Erfëllung bréngt, dass en Handwierk attraktiv ass a perséinlech Satisfaktioun bréngt?
Ee gudden Handwierker huet dee groussen Avantage, dass en niewebäi och ganz villes fir sech selwer ka maachen.
D’Handwierker hunn eng reell Zukunft, well mir alleguer brauche se. Et geet net ouni si. Vläicht kéint dat fir en Deel vun de Schoulofbriecher, de Plang B sinn.