Mir kënnen eis Zukunft selwer an d’Hand huelen, komm mir ginn eis all Chancen déi Problemer z’evitéieren, déi an eisen Hänn leien. Dat mengt d’Kommunikatiounsexpertin Christiane Bram an hirer Carte Blanche.

Carte Blanche vum Christiane Bram

Mir hunn eis sou dru gewinnt, permanent mat Biller an Noriichten – gudden oder schlechten – iwwerheeft ze ginn, datt Informatiounen, déi u sech misste schockéieren an zur Aktioun opruffen, eis guer net méi beréieren.

Ee sou e Statement ass, datt d’Hallschent vun alle Kriibskränkten duerch Preventioun kéinten evitéiert ginn. Dëse klore Message vun ënnert anerem der WHO stéisst awer op daf Oueren, wat eis Liewens- a Konsumenteverhalen uginn.

Dës Realitéit ass bekannt, an trotzdeem ännere mer näischt un eise Gewunnechten a falschen Trends. Weder d’Politik, nach mir selwer als eenzel Persoune maache radikal Changementer, déi onëmgänglech sinn, fir d’Zuel vun de Kriibspatienten duerch zwee ze deelen. Dobäi ass jidderee vun eis concernéiert, sief et selwer oder am noen Ëmfeld.

Méi Beweegung - manner virum Ecran sëtzen, lokal akafen - nohalteg liewen, vum Convenience food op hausmaacher Rezepter, fast Fashion duerch slow Fashion ersetzen, chemesch Produiten zu engem groussen Deel mat natierleche Mëttelen ersetzen, net permanent connectéiert sinn, asw. De Fortschrëtt huet d’Liewen a ville Beräicher ganz vill vereinfacht a verbessert an op alle Fall méi komfortabel gemaach. Mee et gëtt och de Revers vun der Medail, nei Zorte vu Gesondheetsproblemer a gesellschaftlech Eskalatiounen tauchen op, a ginn zum Deel via deier Traitementer a Pëllen nees ënnerdréckt.

D’Gesondheet ass leider kee Produkt, mee en Zesummespill vu Beweegung, frëscher Loft a Liicht, richtegem Iessen, banneschter Balance an Ausrouen. Iwwer déi lescht Joerzéngte sinn Innovatioune prioritär vum Wuesstem promouvéiert a justifizéiert, an hu parallel d’Vitess vun eisem Liewen nei gestalt. Lues awer sécher si sou déi natierlech Bausteng vum mënschlechen Dosinn zum groussen Deel op der Streck bliwwen.

Souwuel d’Politik ass gefuerdert, fir e reglementaire Kader ze schafen, den als éischt Zil déi reell Gesondheet vum Mënsch ënnerstëtzt, an net de Wuesstem an dem Lobby noleeft. Wéi och de Keefer, dee seng Responsabilitéit huet, um fräie Maart, deen der Offer an der Demande ënnerläit, dat ze kafen, wat fir de Mënsch wierklech gesond ass.

An dat Bescht: physesch Aktivitéit an den Alldag anzebannen, kascht näischt, mee ass ganz sécher net ëmsoss! Loosst eis handelen.

Wa mer d’Hallschent manner Kriibsfäll hunn, kéint de Budget, deen net fir dës Traitementer gebraucht gëtt, zousätzlech an d’Recherche afléissen, wat sou op laang Siicht d’Zuel vun de Betraffenen an den Doudesfäll géif reduzéieren a villäicht souguer a Richtung 0 bréngen. En Zil, dat mer jo a priori all virun Aen hunn.