
Eis Welt ass voller Kricher. Am Fong ass se ni ouni gewiescht. Mir all – an eben och d’Kanner - si méi oder manner dovu betraff. Zemools wa rëm en neie Krich dobäi kënnt, kréie Kanner dat mat. Si héieren dovun oder – fir déi méi grouss – si hunn en, via Smartphone, ganz einfach an der Boxentäsch. Vläicht hu se och e Kand an der Klass, dat selwer betraff ass. Krich kann Angscht maachen an dowéinst soll ee sech domat beschäftegen.
Anuerdnen an informéieren
Et geet natierlech net drëms, Panik ze verbreeden. Elteren a Léierpersoune sollen an éischter Linn sënneren. Wéi eng Froen hunn d’Kanner iwwerhaapt? Dacks hëlleft et scho ganz vill, datt d’Kanner an déi Jonk d’Geleeënheet kréien, sech auszedrécken an d’Gefill hunn: do lauschtert een Erwuessenen no.
An dann informéieren: Wie? Wat? Wou? Wéini? Wéi? A virun allem firwat gëtt et dee Konflikt? Natierlech ass een net an allem Expert. Dofir ginn et gutt Kanner-a Jugendnoriichten, op déi ee kann zréckgräifen.
Komplexitéit weisen
Jee no Alter kann een dann an der Komplexitéit eropgoen: an all Konflikt gëtt et ee Kärproblem, dat, ëm wat et an éischter Hisiicht geet, do drënner stieche meeschtens weider Ursaachen an da gëtt et nach d’Auswierkunge vun deem Konflikt op d’Leit déi do wunnen, mee och doriwwer eraus. Et ass wichteg, datt Kanner vun Ufank u léieren, datt Kricher komplex sinn an datt ee meeschtens net mat “gudden” a “béise” Kategorien hantéiere kann, mee datt et vill méi Parteie gëtt, déi verschidden Intressien hunn, datt et och a Krichssituatioune Reegele gëtt a wat geschitt, wann een déi mat Féiss trëppelt.
Propaganda detektéieren a Solidaritéit üben
All Krich ass och ee Krich vun de Biller. Wou kommen déi Biller hier? Wie stécht dohannert? Wat sollen déi Biller bezwecken? Kanner a Jonker sollen net mat deene Biller eleng gelooss ginn, och do soll een anuerdnen a weisen, wou ee verlässlech Informatioune fënnt a wéi enge Medien ee méi vertraue kann a wéi engen net.
Konfrontatioun ass esou al wéi d’Mënschheet selwer, mee Kooperatioun och. Kanner hu meeschtens déi spontan Reaktioun “Wéi kënne mer hëllefen?” Do gëllt et unzesetzen. Et ass eng gutt Geleeënheet, fir Solidaritéit ze beschwätzen an och konkret ze liewen. Doheem an an der Schoul kann ee sech z.B. domat auserneesetzen, wéi eng Hëllefsorganisatiounen et ginn, wat déi maachen a wéi eng Organisatioun ee bereet wär, z’ënnerstëtzen a wéi eng vläicht och net. Eventuell ergëtt sech doraus eng Spendenaktioun, wou et manner ëm de Montant geet, mee méi ëm d’aktiivt Handelen. Dann ass een der Saach net sou ausgeliwwert.
De Fridden net vergiessen
Et ginn och gutt Beispiller vu Konflikter, déi friddlech geléist goufen a Mënschen, déi sech fir de Fridden asetzen. Déi kann ee sech ukucken a sech och mat méigleche Léisunge beschäftegen. Dat mécht Courage a stäerkt d’Resilienz. Schlussendlech: d’Balance ass wichteg. An Zäite vun Dauerkris brauche Kanner a Jonker – sou wéi mir all – och mol eng Paus, ier ee sech erëm mat der nächster Kris kann auserneesetzen.