Carte blanche vum Anne BrasseurHommage un d'Grande Dame Colette Flesch, Hommage u meng gutt Frëndin Colette

Anne Brasseur
Meng Carte Blanche ass fir eemol eng aner. Et ass eng Carte blanche mat villen Emotiounen an Dankbarkeet. Et ass en Hommage un d'Grande Dame Colette Flesch. Et ass och en Hommage u meng ganz gutt Frëndin Colette.
© RTL

Déi sëllege Reportagen zu Éiere vum Colette Flesch zeechnen d’Bild vun enger aussergewéinlecher Perséinlechkeet, déi héich appreciéiert ginn ass.

D’Bild vun enger villsäiteg interesséierter an engagéierter Grande Dame. Virun allem an de Beräicher Politik, Kultur a Sport. D’Colette Flesch huet déi verschiddensten Domainer mat gepräägt a mat gestalt: op kommunalem, nationalem an op europäeschem Niveau.

D’Colette Flesch huet sech d’ganzt Liewe laang duerch hir Kompetenz, hir Intelligenz an hir Energie ausgezeechent, mat där si un d’Dossieren erugaangen ass. Si war eng Liberal am beschte Sënn vum Wuert, déi den Echange mat Argumenter gesicht an och aner Meenunge respektéiert huet. Déi Aart a Weis huet och mech motivéiert, fir mech 1975 mat hir an der Politik ze engagéieren.

D’Colette Flesch war e Pionéier an der Politik: Als éischt Stater Buergermeeschtesch, als éischt Vizepremier an Ausseministesch, als éischt Presidentin vun der DP, als éischt Fraktiounspresidentin, als éischt Presidentin vum Lëtzebuerger Filmpräis.

All dat ass hir awer net an de Schouss gefall. Au contraire.

1940 huet si musse mat dräi Joer mat hirer Famill vu Lëtzebuerg a Frankräich fortlafen, wou hire Papp kuerz dono gestuerwen ass. Nom Krich huet hir Mamm Madeleine Flesch dofir gesuergt, datt hir eenzeg Duechter déi beschtméiglechst Educatioun mat op de Wee kritt huet. An der Primärschoul um Belair huet d’Colette Flesch du fir d’éischt emol musse Lëtzebuergesch léieren.

Duerno huet si Droit, Ekonomie a Sciences politiques an Amerika studéiert, wat fir eng Fra an där Zäit aussergewéinlech war.

Als Sportlerin huet d’Colette Flesch dräi Mol un den Olympesche Spiller als Fechterin deelgeholl. Aner Passioune waren d’Schifueren an den Tennis.

Als Generaldirektesch an der Europäescher Kommissioun huet si europawäit Akzenter an der Kultur gesat, genee wéi och als Schäffen an der Stad. Et huet ee si och nach viru kuerzem reegelméisseg an der Philharmonie begéint. A bis zum Schluss war si an der Theaterkommissioun vun der Stad Lëtzebuerg.

Dat alles war d’Colette Flesch an nach vill méi, mee virun allem eng ganz gutt Frëndin.

Lëtzebuerg huet eng Grande Dame verluer.

Ech hunn eng ganz gutt Frëndin verluer.

Merci Colette.

Back to Top
CIM LOGO