
Mir hunn op der enger Säit eng Logementskris an op der anerer Säit eng ronn 3.000 Hektar Bauland, déi net genotzt ginn. Dat ass absolut inakzeptabel.
Fir dem entgéintzewierken, well eisen Innenminister eng Mobiliséirungssteier op ongenotzt Bauland aféieren. Dee Projet de loi ass vum Prinzip hir eng ganz gutt Initiativ. Mä e gëtt och vill kritiséiert: Déi Tax kënnt vill ze spéit. Si ass vill ze niddreg. An et ginn ze vill Ausnamen.
Eng vun deenen Ausname si Flächen, déi fir d’Landwirtschaft benotzt ginn. Hei kéint een effektiv zum Schluss kommen, dass dat gerechtfäerdegt ass. An deenen Zäiten, wou mir liewen, mécht et Sënn, wann ee Land seng Liewensmëttelversuergung, esou gutt et geet, selwer assuréier kann.
An de Bauperimetere ginn et Flächen, déi sech gutt fir landwirtschaftlech Zwecker notze loossen. Well se iwwer ee fruchtbare Buedem verfügen an d’Gromperen do extra deck ginn. Well se an engem Hang léien an d’Riewen do extra schéin Drauwen droen. Oder well se direkt nieft dem Bauerenhaff léien, an d’Kéi da moies net esou vill Trajet hunn.
Bei esou Flächen wier et duerchaus legitim der Agrikultur de Virrang ze loossen. Mä mussen déi Terrainen am Bauperimeter leien? Respektiv dora bleiwen? Mir brauchen, certes, eng sécher Liewensmëttelversuergung, mä mir brauchen och Wunnraum.
Am Plaz dat eent géingt dat anert auszespillen, kéinte mir och Folgendes maachen:
Déi Terrainen, déi effektiv fir d’Landwirtschaft gebraucht ginn, kéinten einfach ëmklasséiert ginn: an eng Zone agricole. Eng Kou brauch net op engem deiere Bauterrain ze grasen. En contrepartie kéinten aner Terrainen, déi fir d’Agrikultur manner interessant sinn, an de Bauperimeter erageholl ginn.
Esou hätte mir netto, ouni de Bauperimeter quantitativ ze erweideren, déi selwecht Baufläch fir Wunnengen. An d’Baueren an d’Wënzer hätten déi néideg Fläch fir d’Landwirtschaft.
Ausnamen bei der Mobiliséirungssteier wieren dann net méi néideg.