Carte blanche vum Jessica LopesDe lëtzebuergesche Paradox: Tëscht "Talent-Pool" a kaler Realitéit

Jessica Lopes
Dës Carte blanche beschäftegt sech mat der Widdersproch tëscht dem neien "EU Talent Pool" an der bürokratescher Realitéit zu Lëtzebuerg, déi d'Mënschen hannert der Aarbechtskraaft dacks vergiessen.
© RTL

D’Autorin kritiséiert eng reng utilitaristesch Migratiounspolitik, déi no Fachkräfte rifft, awer duerch streng Gesetzer a lues Prozeduren d’Liewe vun deene Leit an hire Famillje schwéier mécht.

Carte blanche vum Jessica Lopes

Hutt Dir scho vum “EU Talent Pool” héieren? Dat ass de europäesche Projet, deen d’Europaparlament elo offiziell guttgeheescht huet. Et ass eng Zort “Amazon” fir d’Aarbechtswelt: eng digital Plattform, fir d’Offer an d’Nofro tëscht europäesche Betriber a Leit aus Drëttlänner ze vernetzen. Kuerz gesot: Et kann ee Mënschen aus dem Ausland bestellen, fir hei Lücken um Aarbechtsmaart ze fëllen.

Fir mech ass et eng faszinéierend “Love-Hate-Relationship": Op der enger Säit hu mir en alarmisteschen Discours iwwer d’Migratioun an eng stänneg Stigmatiséierung vun de Mënschen. Op der anerer Säit de verzweiwelte Ruff no hëllefenden Hänn. Lëtzebuerg, mat sengem risegen Honger no qualifizéiertem Personal, klappt natierlech bei sou engem Projet an d’Hänn.

Mir ruffen no “Talenter”, verlängeren d’Lëschte vun de Métiers en pénurie an d’ADEM rullt de rouden Teppech aus. Ma wann d’Leit bis hei sinn, begéine se oft enger Mauer. Mir mussen ophalen ze gleewen, datt nëmmen ‘Hänn’ oder ‘Käpp’ bei eis kommen. Wann mir Aarbechtskraaft unzéien, komme Mënsche mat oder ouni Famill, mat Liewensprojeten an eegenen Ambitioune.

Hei geet d’Immigratiounsgesetz dacks komplett un der Realitéit laanscht: Wie seng Aarbecht verléiert, eng Paus brauch oder vläicht e ganz anere Secteur ausprobéiere wëll, setzt direkt säi Recht, hei ze bleiwen, op d’Kipp. Dobäi kënnt d’Hypokrisie vum Regroupement familial: Mir wëllen d’Aarbechtskraaft, mee mir maachen et de Leit bal onméiglech, hir Famill matzebréngen, well de Salaire net fir déi dräi-Zëmmer-Wunneng duergeet, déi gefrot gëtt. Mir trenne Familljen am Numm vun der Wirtschaft. Gläichzäiteg héiere mir ëmmer erëm, wéi spezialiséiert Dokteren, déi mir dréngend brauchen, méintelaang op d’Unerkennung vun hiren Diplomer an hir Aarbechtsgeneemegung waarden. Wärend d’Waardezäiten an de Spideeler klammen, sëtzen d’Experten am Wartesall vun der Bürokratie fest.

A schlussendlech vergësst de System déi Leit, déi scho längst hei am Land sinn. Dausende Mënsche sëtzen an eise Foyeren a waarden, dass eppes geschitt. Deenen hier Kompetenzen ze valoriséieren an anzesetzen, ass keng Prioritéit.

Ech perséinlech stellen dës reng utilitaristesch Visioun vun der Immigratioun souwisou fundamental a Fro. Mä souguer wann een dëser Logik vum System géif nokommen, muss ee feststellen: Grad Lëtzebuerg ass hei komplett niewent der Plack. A wann Europa vun engem “Talent Pool” schwätzt, da loosst eis oppassen, datt mir net vergiessen, dass hannert dem Talent e Mënsch stécht.

Back to Top
CIM LOGO