Wat wann…
Wat wa mir eis d'Zukunft positiv ausmole kéinten. Wat wa mer mat enger Carte Blanche net nëmmen Iddie vun enger Persoun héiere géingen, mee vu méi Léit. Wat wa mer eis géingen inspiréiere loossen. D'Magali Paulus konfrontéiert eis haut mat enger Hellewull "wat wann". Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
An de leschte Joren hunn ech vill Ateliere mat Bierger*inne facilitéiert, deelweis mat der Iddi sech eng ideal Zukunft virzestellen. Wei geséit d'Welt 2030 aus, wa mir als Gesellschaft déi richteg Entscheedunge geholl hunn, fir d'Paräisser Ofkommes ze respektéieren an ënnert der faméiser 1,5 Grad Erwiermung ze bleiwen. Déi 1. Zäitrees, déi ech mam Rob Hopkins gemaach hunn (virun COVID), war dëst eng vu menge Visiounen ënnerstrach vum Geroch vun der Natur no deem Reen an dem Geräisch vu Villercher a Mënschen, déi laachen: Prisonge voll korrupt, kriminell Politiker*innen… Dofir hunn ech mech d'lescht Woch och esou gefreet, wéi de Sarkozy an de Prison komm ass.
Nieft den imaginären Zäitreese maachen ech och ëfters den "wat wann" Exercice. Ech wëll elo verschiddener vun den Äntwerten, déi ech an de leschte Jore gesammelt hunn, mat iech deelen.
Wat wann... mir keng Konsumgesellschaft wieren.
Wat wann... Déieren déi nämmlecht Reschter hätten.
Wat wann... mir eist Iesse selwer produzéiere géingen.
Wat wann... mir eise Liewensstil Méi lues maachen.
Wat wann... eis Kanner méi Zäit bausse verbréngen.
Wat wann... mir all géinge Beem planzen.
Wat wann... jidderee fräi wier.
Wat wann... Frëndschaft wéi Bestietnis institutionaliséiert wier.
Wat wann... jiddereen d'Recht ze wielen hätt.
Wat wann... d'universal Rechter vun allen an iwwerall respektéiert wieren.
Wat wann... mir vun eisem Clown inspiréiert wieren.
Wat wann... jidderee Member vun enger Gewerkschaft wier.
Wat wann... eis Stied fir Mensch an Natur gebaut wieren a gerëscht gedeelt.
Wat wann... mer op Kanner lauschteren.
Wat wann... Profit net méi de Kompass fir eis modern Gesellschaft wier, mee Wuelbefanne vun allen an der Natur.
Wat wann... eis Gesellschaft wierklech inklusiv fir Mënsche mat Behënnerung wier.
Wat wann... mer Haiser, déi iwwer 3 Joer eidel stinn, konfiszéieren an doranner obdachlos Mënsche wunne kennen.
Wat wann... et keng Grenze ginn.
Wat wann... mir all eisen Trauma heelen.
Wat wann... Zivilgesellschaftsaarbecht fir Ëmwelt- a sozial Gerechtegkeet enges Daags iwwerflësseg wier.
Wa mer eis d'Zäit huelen, eis eng positiv Zukunft virzestellen, kréie mer d'Energie, fir eis och dofir anzesetzen, an dat net eleng, mee zesumme mat anere Persounen. Dofir musse mer eis awer begéinen. Déi nächst Begéinung mat Persounen, déi sech fir eng liewenswäert a gerecht Zukunft asetze wëllen, ass de 16. November um 15h30 fir Kaffi a Klima am Kader vun der COP30 op der Place Clairefontaine.