Behält d'Relioun an Zäite vun enger staarker Sekulariséierung eng Plaz? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

"Komm mer net mat Relioun!", ass eng geleefeg Astellung. Vill Leit kënnen haut ganz gutt ouni liewen. Reliéis beréiert si beschtefalls nach dat Ästhetescht, Karitatiivt oder Rituellt, esou wéi elo d'Griewerseenen op Allerhellegen an Allerséilen. Do ass dat Reliéist gefrot a gefuerdert.

Nu gëtt et an der Gesellschaft vill Stréimungen, déi sech als spirituell verstinn. Spiritualitéit als Selbsttranszendéierung boomt, allerdéngs ouni Gottesbezuch. Eng prominent Plaz vun esou Selbsttranszendenz ass den eegene Kierper, de méiglechst perfekte Body – denkt u Fitnessindustrie, Froe vun Ernierung an Diätetik oder d'Style fir eng optimal Figur.

Wichteg apropos Relioun gëtt d'Erfarung: perséinlech Erliefnisser wéi der Schëpfung begéinen, matgerass si vu Glawenstemoignagen an de Social media oder gréisser Glawensfestivalle wéi Weltjugenddeeg oder Pilgerfaarten. Da kënnt eng Recherche un d'Lafen, déi no méi freet. D'Gottesfro ass da keng universal an allgemeng present Fro, mä eng, déi sech occasionell stellt. De Glawen offréiert eppes, wat sech néirewou anescht kréien oder erliewe léisst.

Originell fir d'Chrëschtentum bleift: All si mer bal dagdeeglech agebett an Onheelszesummenhäng. Heirop geet déi sekular Kultur net an a gesäit de Problem och net eigentlech. D'Chrëschtentum fänkt do nei un, wou Mënschen erliewen, wat et heescht "erléist sinn". Wëlleg Kraaft, Fräiheet an Entlaaschtung dora stécht, net alles selwer maachen ze mussen, mä Rettung vu baussen ze kréien, vun engem aneren hir, vun enger Alteritéit.

Dohier och Glawen, deen heelt: "heilender Glaube". E gëtt do relevant, wou Leit heiduerch eng fir si heelsam Erfarung maachen. Wou sech eppes net eleng aus eegener Kraaft fir si verbessert oder zum Positiven hi verännert.

Chrëschtentum als Narrativ, als Grousserzielung: Erliefnisser, déi méi déif ginn, eis small a personal Stories, beräichere mat der Big Story vun Hoffnung an Heel, wéi se dem Chrëschtentum eegen ass. Duerfir brauch et eng Kierch: fir dass dëse Message weider erzielt gi kann an individuell Glawenserfarungen net zum singularen Ego-Trip degradéieren.
Da bleift, gläich villfach, d'Evangelium eng Plus-value fir eis Zäitgenossen.