Wann eng nei Regierung agesat gëtt, dann erwaart sech de Bierger selbstverständlech, dass e Regierungsprogramm erstallt ginn ass, wou Reformen ugekënnegt ginn, déi positiv Effekter fir d'Gesellschaft bréngen. Jo et mussen och mol Korrekture gemaach ginn, déi schmäerzlech kënne sinn. All dat muss awer an enger Walcampagne, engem Parteiprogramm an an engem Regierungsprogramm enthale sinn, an ech schwätze vun däitleche Wierder, wou de Bierger am Viraus weess, wat op een zoukënnt. Verstoppte Klauselen, widderspréchlech Interpretatioune si keng éierlech Politik. Wann de Bierger matschwätze soll, wat ass dann net besser gëeegent wéi e Walkampf? Hei ka kontrovers gestridde ginn, a leschtens weess de Bierger wat e maache soll, wat en ënnerstëtzt, oder ofleent.

Zu Programme gehéiert och, dass et an enger Partei Iddien a Visioune gëtt, déi dann afléissen. Et reforméiert een net aus der Laun eraus, oder vum Stammdësch. Hei muss ee schonns Konzepter entwéckelen an offe leeën.

Carte Blanche vum Robert Weber

An der Sozialpolitik ass et net aneschters. Net alles wat an der Vergaangenheet gemaach gouf, ass haut falsch. Jo, Munches muss och der Zéit an den neie Realitéiten ugepasst ginn. Ech sinn elo iwwert 40 Joer an der Politik present. Mir fält op, dass 40, 50, 60 Jore méi spéit nach ëmmer di selwecht Theorien, Iddien a Fuerderunge ronderëm geeschteren. Si si simpel an och haut nach ëmmer esou falsch wéi deemools.
 
E puer Beispiller: De Congé collectif am Bausecteur soll ofgeschaaft ginn?
 
Mir musse méi flexibel schaffen? Sonndes sollen all Geschäfter kënnen opmaachen? Mir brauche keng Gewerkschaften, d’Leit an de Betriber reegelen alles besser?  D’Leit sollen hir Pensioune selwer bezuelen, am beschten hir Krankekeess och?
 
Ech stelle fest, dass dëst alles awer keng chrëschtlech sozial Politik ass, dat ass puere Liberalismus. Et ginn op der Welt e puer Gesellschaftsphilosophien. Déi Haaptgesellschaftsphilosophië sinn de Kommunismus, dann de Sozialismus, och de Liberalismus a leschtens déi chrëschtlech-sozial Léier. Eist Land war ëmmer gepräägt vun der chrëschtlech-sozialer Weltuschauung. Heizou gehéiert déi sozial Maartwirtschaft. Heizou gehéiert d’Sozialpartnerschaft, also och d’Gewerkschaften, also och eng Kollektivvertragspolitik.
 
Jo, all dat sinn Terrainen, déi ëmmer erëm ugepasst musse ginn.
 
Kann awer elo e Politiker, deen näischt vun all deem versteet, hei Reforme maachen? E kloert NEEN. An der Finanzpolitik braucht een e Mënsch, deen eppes vu Finanze versteet, grad esou an der Wirtschaftspolitik, an der Gesondheetspolitik asw...
 
Awer, an der Sozialpolitik brauch ee Politiker mat engem soziale Gefill, hei geet et ëm déi Mannerbemëttelt an eiser Gesellschaft. Et geet net ëmmer ëm Geld. Et geet och vill méi ëm Prozeduren, administrativ Barrièren asw. An der sozialer Maartwirtschaft muss d’Politik Korrekture maachen, soss frësst de Kapitalismus seng "Kanner", wéi et esou schéin heescht.
 
D’Gewerkschafte musse geschützt ginn, si si wäit net esou mächteg wéi d‘Wirtschaft.
 
D’Kollektivvertragspolitik muss geschützt ginn, soss verdeelt déi liberal Wirtschaft alles un d’Aktionären.
 
Esou huet déi däitsch Regierung grad elo decidéiert, de Mindestloun eropzesetze fir hier Wirtschaft ze relancéieren. Si huet och decidéiert, en "Tariftreuegesetz" anzeféieren. Hei ginn ëffentlech Ausschreiwungen nëmmen u Betriber verginn, déi sech un d’Tarifverträg halen.
 
Ech freeë mech iwwert esou sozial Korrekturen.
 
A wat ass zu Lëtzebuerg lass?
 
Rapp a Klapp!