Weider Digitaliséierung vun de Bankgeschäfter net ouni finanziell Inklusioun
                    © rtl.lu
An enger Welt wou alles soll esou séier wéi méiglech digitaliséiert ginn, gëtt et leider awer och vill Leit déi do net matkommen. Um Beispill vun den digitale Bezuelungsmëttelen, gesäit een datt vill Leit riskéieren ausgeschloss ze ginn an duerfir weist dës Carte blanche datt d’Boergeld eng Rei Eegenschaften huet déi een och an den digitale Bezuelungsmëttele muss erëm fannen. D’Inclusioun a besonnesch déi finanziell Inclusioun ass eng absolut Prioritéit.
Et gouf scho vill doriwwer geschriwwe wéi déi digital Finanzsystemer et ville Leit méiglech maachen hier d’Geld iwwersichtlech a käschtegënschteg ze verwalten. Dorënner falen och déi einfach elektronesch Bezuelungsmëttelen déi et ville Leit ganz einfach maache fir hier deeglech Akeef an aner Operatiounen
ofzewéckelen.
An de skandinavesche Länner sinn déi elektronesch Bezuelungsmëttelen esou verbreet, datt vill Geschäfter an aner Organisatiounen iwwerhaapt keng Schäiner a Mënze méi unhuelen. Dat ass fir déi och ee grousse Virdeel well esou brauchen déi keng traditionell Keess méi, a kënnen op all déi Sécherheetsmoossname verzichten déi d’Manipulatioun vum Boergeld mat sech bréngt.
Dat huet derzou gefouert datt sech elo Gedanke gemaach ginn op dat gutt ass datt ee weider an esou eng Richtung geet a wat da mat deene Leit geschitt déi nëmme mat Boergeld wëllen oder musse schaffen.
Do gouf drop higewisen datt haut nach d‘Boergeld déi eenzeg Bezuel- a Spuerméiglechkeet ass fir Leit mat limitéiertem oder guer kengem Zougang zu digitale Bezuelmethoden. Duerfir bleift d’Boergeld entscheedend fir d'Inclusioun vu sozial vulnerabele Bierger. Dëst betrëfft Leit mat Behënnerungen, Leit ouni oder mat net genuch digitale Fäegkeeten oder Leit mat gerénger Alphabetiséierung. Dann däerfe mir och net all déi Leit vergiessen déi mol kee Kont op enger Bank kënnen opmaache, dorënner d’Flüchtlingen oder déi Leit déi kee feste Wunnsëtz hunn.
De Piero Cipollone, Member vum Direktiounscomité vun der Europäescher Zentral Bank, huet kierzlech virun engem Gremium vum Europaparlament gesot, ech zitéieren
„Als ëffentlech Institutioune musse mir sécher stellen, datt keen hannerlooss gëtt, wa mir an eng nach méi digital Wirtschaft wiesselen. Zënter Joerzéngte war Boergeld e Grondstee vun der finanzieller Inklusioun – si ass jidderengem zougänglech, erlaabt et autonom ze sinn a schaaft Vertrauen“..... D'Ofsécherung vun der (finanzieller) Inklusioun muss méi wéi e Prinzip sinn - et muss sech a praktesch Schrëtt ëmsetzen, déi d'Hindernisser adresséieren, déi d'Leit an hirem Alldag begéinen“.*
An enger Welt wou alles ganz schnell ännert a wou esou vill Leit Schwieregkeeten hu matzekommen ass d’Inklusioun a besonnesch déi finanziell Inklusioun eng absolut Prioritéit.
Michel Maquil
Fräie Wirtschaftsberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
*) The digital euro: ensuring resilience and inclusion in digital payments, Introductory statement by Piero Cipollone, Member of the Executive Board of the ECB, at the Committee on Economic and Monetary Affairs of the European Parliament Brussels, 4 September 2025