"Fake News!", dat war mäin éischte Gedanken, wéi ech dëser Deeg gelies hunn, datt an den USA solle Sportskompetitioune stattfannen, bei deenen Dopping net nëmmen erlaabt, mee esouguer ënnerstëtzt gëtt. Net ze gleewen, mee dach wouer. D’Organisateure vun de sougenannten "enhanced games" soen, dass d'Athlete kéinte mat hirem Kierper maachen, wat se wëllen.

D'Manifestatioun zu Las Vegas mat enorme Startgelder gëtt ënnert anere vum Donald Trump Jr. ënnerstëtzt, dem eelste Fils vum amerikanesche President.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Op der Homepage vun den - iwwersat "verbesserte Spiller" - steet dat hei.
"Mir erfannen de Sport nei duerch Wëssenschaft. Et ass ons Missioun, fir d‘Super-Mënschheet duerch Wëssenschaft, Innovatioun a Sport nei ze definéieren. Et ass eng nei Ära fir den Elittesport: eng Etapp, ouni Angscht fir d’Athleten, fir Limitten ze sprengen, nei Rekorder opzestellen an d’Zukunft vum Sport nei ze erfannen."
 
Wann ech gesinn, wéi d’Sportler hei mëssbraucht ginn, fir e Supermënsch ze schafen, lafe mir d’Schudderen de Réck erof. Dat huet mat Sport nu wierklech näischt méi ze dinn.
Duerch Zwangsdopping - oft ouni d’Wësse vun de Sportler - hu verschidde Staate sech an der Vergaangenheet jo schonn am olympesche Medailespigel no uewe geschafft. Mir wëssen, zu wéi engen irreversibele physeschen a psycheschen Schied, dat ka féieren, bis hin zum Doud. An trotz deene Gefore wëlle skrupellos Wëssenschaftler, Laboratoiren an Investisseuren de mënschleche Kierper, ënnert dem Deckmantel vum Sport, mëssbrauchen.
 
Fir mech ass Sport awer wäit méi wéi Medailen. Hie vermëttelt nieft de Bienfaite fir d’Gesondheet och Wäerter wéi Respekt, Ausdauer, Disziplin, Equippegeescht a Fairplay. Et léiert een duerch de Sport, dass den Effort wichteg ass, an dass een och Defaitte muss acceptéieren. Wéinst den enorme Gelder am Profisport ginn déi Wäerter leider oft mat Féiss getrëppelt. Besonnesch d’Elittesportler hunn awer eng wichteg Virbildfunktioun; zemol fir d’Jugend. Wat elo bei den "enhanced games" geplangt ass, dat kann een an däerf een net méi als Sport bezeechnen.

D’Athletekommissioun vum Internationalen Olympesche Comité schreift dozou, "dass d''enhanced games' oder all aner Manifestatioun, déi leeschtungssteigernd Substanzen a Methoden ënnerstëtzen, e Verrot un all deem ass, wat mir bis elo verdeedegt hunn. Et ass e geféierleche Message, besonnesch fir déi aktuell an déi kommend Generatioune vu Sportlerinnen a Sportler. De Gebrauch vun esou Substanzen a Methoden ze encouragéieren, ass irresponsabel an onmoralesch."
 
Ech ka mech deem nëmmen uschléissen.