Wann een uechter d’Welt kuckt, gesäit ee Klimakatastrophen, Kricher, Hongersnéit, Aarmut, Ongerechtegkeeten ... Krisen iwwerall.

Do weess een dacks net, wéi drop reagéieren: Schock, Angscht, Gläichgültegkeet ... besonnesch, wann een d’Impressioun huet, datt ee jo souwisou näischt kann änneren. Mee vläicht gëtt et Alternativen. Dozou e puer Iwwerleeunge vum Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Jo, eis Welt ass voller Krisen. An elo? Wat maache mer domat? Et kann een traureg sinn oder souguer verzweiwelt, vläicht och ugëeekelt oder et huet ee ganz einfach Angscht . Allerdéngs – dat seet eis d’Psychologie - sinn Trauregkeet,
Verzweiwlung, Angscht an Eekel Emotiounen, déi de Mënsch éischter lämen. Dat bréngt een also net virun. Da léiwer rose ginn, well dat ass eng Emotioun déi net läämt, au contraire.

Roserei ass keng gutt Léisung

Ouni Roserei wär d’Welt haut net do, wou se wär, d’franséisch Revolutioun, Antikolonialismus, Aarbechter- a Fraebeweegungen hunn dovu profitéiert. Den Nationalsozialismus an de Stalinismus allerdéngs och... Mat der Roserei ass et also sou eng Saach. Si kann a positiv, mee och an negativ Bunne geleet ginn, z.B., wann se sech ee sicht, deen se als Schëllegen ausmécht, ee Sënnebock a mengt, wann een dee lass wär, da wär och de Grond fir d’Roserei fort. Bei der Roserei besteet och d’Gefor, datt een sech et an hir gemittlech mécht. Wann ee rosen ass, da fillt ee sech gär am Recht an deenen Aneren iwwerleeën. Dann ass een net wierklech empfänglech fir konstruktiv Léisungen. Dachs stécht hannert der Roserei och eng Angscht, eng reell oder eng vermeintlech - eis Reaktiounen am Gehier sinn d’ailleurs bei béiden Emotiounen änlech.

Sech zoumaachen, “jidderee fir sech” an Zynismus och net

Vill Leit reagéieren op d’Weltlag, andeems se guer keng Noriichte méi suivéieren. Dat ass ze verstoen. An et kann och gesond sinn ze probéieren, den Dosage un Informatiounen ze verréngeren oder och mol geziilt no gudden Nouvellen ze
sichen. Mee d’An konsequent zou ze maache virun der Realitéit mécht d’Welt och net besser.

Aner Leit soen: “Ech kucke lo just no mir, déi aner kucke jo och just no sech.” Och dat eng verständlech Reaktioun, mee och déi bréngt eis als Gesellschaft net virun. Genausou wéineg wéi zynesch ginn, well dann ass engem am Fong alles egal, dann huet ee schonn opginn. Wat ass also ze maachen?

Hoffnung als Alternativ

De griicheschen Ursprung vu Kris – crisis – beschreift ee Moment fir ze handelen. Et ass also eng Geleeënheet, wou een e Choix huet. De Martin Luther soll gesot hunn: “Wa muer d’Welt géif ënnergoen, géif ech haut nach en Äppelbam
planzen.” Onofhängeg dovun, ob hien dat wierklech gesot huet, beschreift dee Sproch de Choix zum Hoffen op eng besser Zukunft. An dat ass net eng passiv Haltung, mee ass mat Handele verbonnen. An dësem Fall: den Äppelbam planzen. Et geet net nëmmen drëms sech virzestellen, wéi et besser wär, mee sech z’iwwerleeë wéi een dohi kéim a konkret ze plangen, wéi ee virgeet. Et geet drëms Léisungen ze sichen, déi un d’Realitéit uknäppen an net puer Fantasie sinn.

Hoffen – virstellen – handelen, dat muss een trainéieren: an der Famill, am Veräin, an der Gemeng an natierlech a virun allem och an der Schoul. Wann een dann – am beschte Fall – erlieft, datt een eppes ka bewierken, en Ënnerscheed
maachen, dann ass een der Welt net méi sou ausgeliwwert an dat mécht dann och erëm Hoffnung, dat bréngt ee rëm an d’Handelen… e bësse wéi ee Perpetuum Mobile. Dee muss just eemol ugestouss ginn.

Hoffnung ass ee Choix.