Ënnert dem Beemchen - Kaddoe fir si a fir eis all

Verschidde Versprieche vun der Regierung kléngen dach richteg gutt nee? Dat fënnt och d'Diana Hoffmann a sengem Commentaire an hofft, dass déi ambitiéis Ziler erreecht ginn.
Op d'Politiker vun der Regierung gëtt nawell dacks geklappt. Dobäi hu si dach grouss Ambitioune fir eist Land. Ech wënschen hinnen dofir, dass si dat, wat si hire Wieler versprach hunn och ëmgesat kréien.
Dem Premier Luc Frieden wënschen ech, dass him déi ominéis Vermeehrung vun de Sue geléngt, déi dozou féiert, dass an Zukunft jidderee méi an der Täsch huet. Dank Steiererliichterungen: Méi Netto vum Brutto fir all Bierger. Prinzip Strenz! Dacks kritiséiert virun de Walen. Schéngt an der Walcampagne awer ukomm ze sinn a muss elo ëmgesat ginn.
Do muss de Finanzminister Gilles Roth awer oppassen, dass d'Ecarten tëscht Aarm a Räich hei am Land net nach méi grouss ginn. Soss muss d'Definitioun vun der Mëttelschicht eben no uewen ugepasst ginn. Ganz nom Motto: Mir sinn all Mëttelschicht. Dem Gilles Roth wënschen ech, dass et him geléngt, dass endlech och wierklech jidderee Mëttelschicht ass. Also net just um Pabeier, och am richtege Liewen.
Dem Inneminister Léon Gloden wënschen ech, dass hien d'Aarmutspräventioun entdeckt amplaz Repressioun a Verbuet. Et muss dach haart si fir e Chrëschtsozialen den aarme Mënschen d'Heeschen ze verbidden. Dem hellege Martin blutt do sécher d'Häerz.
Dem Logements- an Educatiounsminister Claude Meisch wënschen ech, dass déi deels Joerzéngten al Mesuren, déi elo de Logementsproblem solle léisen, 2024 endlech gräifen. An dass aus sengem neien Educatiounssystem am beschte vill sougenannten High Network Individuals erauskommen. Oder Talenter, dat geet och. Wat och ëmmer dat genee bedeit.
Dem Ëmweltminister Serge Wilmes wënschen ech, dass hien d'Land méi gréng kritt wéi de Knuedler. An dass déi vu sengem Chef gewënschte räsonabel Klimapolitik och duergeet, amplaz eng konsequent Klimapolitik. Dass d'Bierger motivéiert genuch sinn, déi Saach vum Klimawandel selwer an de Grapp ze huelen.
De Kulturminister hat ech bal vergiess. Läit wuel um Ressort. Dem Eric Thill wënschen ech, dass Lëtzebuerg net den nächsten Eurovision Song Contest gewënnt. Wou wëlle mer nämlech da mat deene ville Leit hin?
Bleift och nach den Ausseminister Xavier Bettel. Deem wënschen ech, dass hie léiert, déi zweet Gei ze spillen. Et muss nämlech den Ament eng zimmlech schwéier Zäit fir hie sinn.
An all de Minister, déi elo net genannt goufen, wënschen ech dann och nach vill Gléck, oder wéi ee soss nach seet, eng glécklech Hand.